LSC - Lëtzebuerger Studenteclub Cölln

LSC - Lëtzebuerger Studenteclub Cölln Hei fannt dir all d’Events déi den LSC organiséiert, wichteg Infos zum Studenteliewen an sidd emmer Up-to-date.

08/10/2025

Léif Erstis,

Häerzlech Wëllkomm zu Köln! Den LSC-Comité begréisst iech alleguerten an eiser schéiner Doum-Stad.

Fir e puer vun iech ass d’Semester schonn amgaang, fir déi aner geet et elo lass. Hei nach e puer wichteg Infoen fir iech:

Mir hunn verschidde Gruppen op Facebook an Whatsapp, ënner anerem fir Wunnengssich, Matfuergeleeënheeten oder Sport.
Déi meescht Infoe gi mir awer iwwer Instagram an eis Whatsapp-Community eraus, do kann een och den Event-Plang vum aktuelle Semester gesinn.

Mir organiséiere all Woch en Event (Dënschdes) an e Stammdësch (Donneschdes).
Dir sidd ëmmer häerzlech agelueden a kënnt fräi no Loscht a Laun dobäi kommen.
Bei all Event poste mir d’Detailer an d’Storie an och op Whatsapp.

Bei Froe kënnt dir iech zu all Moment iwwer eis Accounts oder och privat bei eis mellen.

Mir freeë eis drop, iech geschwënn op engem vun eisen Eventer oder um Stammdësch ze gesinn!

Bis geschwënn,
Ären LSC-Comité

P.S.: Den 14.10 ass eisen Ersti-Day – d’Umeldung sinn elo schonn op. Link: https://forms.gle/kmZ3FSBk6U84aTg37

17/06/2025
Sécher dir nach däin Ticket fir de Studentebal! 🎟️ https://docs.google.com/forms/d/1DUcAwwUnkp3i8QGwYZH7NIYhBbmbIBrEI6RO...
28/06/2024

Sécher dir nach däin Ticket fir de Studentebal!
🎟️ https://docs.google.com/forms/d/1DUcAwwUnkp3i8QGwYZH7NIYhBbmbIBrEI6RO1QFXKU0/viewform?edit_requested=true

Muer an enger Woch ass et endlech sou weit de Studentebal 2024 fënnt op der Wiss beim Bouillon statt. Du brauchs nach Tickets?
Dann schreif eisen Cerclen einfach op Facebook.
Hei fann dir all Cerclë wou nach Tickets verkafen:
LST - Lëtzebuerger Studenten Tréier
LSS-Lëtzebuerger Studenten zu Saarbrécken asbl
LSK - Lëtzebuerger Studenten zu Kaiserslautern
ANEIL
ALEM - Luxembourgish Medical Students' Association
ANESEC - Connecting future economists
LSH - Lëtzebuerger Studenten zu Heidelberg
AELP Comité
LETZ' AIX
Grand-Ducale : "D'Letzeburger zu Léiwen"
LSMaas - Lëtzebuerger Studenten zu Maastricht
Lëtzebuerger Studenten zu Düsseldorf
LSZ - Lëtzebuerger Studenten Zürich
AELL - Lausanne
Comité Friblëtz
Amicale des Étudiants Luxembourgeois à Karlsruhe a.s.b.l. (AELK)
Sluf Elch
ALUS
VLIB - Letzebuerger Studenten zu Berlin
L.S.W. Lëtzebuerger Studenten Wien a.s.b.l.
LSI - Lëtzebuerger Studenten Innsbruck
Da Seppl
LSC - Lëtzebuerger Studenteclub Cölln
AVL - Lëtzebuerger Studenten zu Oochen
Hibou Celb
CELBas
Lëstlé

17/06/2024

Liked an deelt eise Video fir eis um De Studentebal 2024 op der beschter Plaz am Zelt ze gesinn! 🫶

Eis Events sou ze gestalten wéi dir se kennt geet net ganz ouni Hëllef. 🙋Dofir soe mir een extra grousse Merci un eise S...
15/05/2024

Eis Events sou ze gestalten wéi dir se kennt geet net ganz ouni Hëllef. 🙋
Dofir soe mir een extra grousse Merci un eise Sponsor d’Spuerkeess. 🫂Ouni hier Ënnerstëtzung wieren eis Events net sou grouss wéi se et sinn! 💯
Merci Spuerkeess🫶

Mir schreiwen de 24. Oktober 2023.Eng Grupp onbekannter Studenten mecht d‘Alstad onsecher. Dei Kölner Matbierger froe se...
30/11/2023

Mir schreiwen de 24. Oktober 2023.

Eng Grupp onbekannter Studenten mecht d‘Alstad onsecher. Dei Kölner Matbierger froe sech: waat ass do nemme lass?🔎

💡Ma et war Barhopping vum LSC!
Ganz traditionell hu mir ufanks vum Wantersemester en Tour duech d‘Baren a Cafée vun der Alstad gemaach.🍻
🏟️Och wann et Champions League-bedengte Plazproblemer gouff konnte mer all e flotten Owend verbrengen an den een oder aner Happtorpedo vernichten.

Mir freeën eis op déi nächst Eventer!

LSC-Comité🥰

Denkt drun iech fir d'Koveniat den 8ten Dezember unzemellen:
29/11/2023

Denkt drun iech fir d'Koveniat den 8ten Dezember unzemellen:

Häerzlech wëllkomm zu Köln!🙋 Den 10.10 hu mir déi nei Studenten an der wonnerschéiner Doumstad mat e puer Kajot vum besc...
19/10/2023

Häerzlech wëllkomm zu Köln!

🙋 Den 10.10 hu mir déi nei Studenten an der wonnerschéiner Doumstad mat e puer Kajot vum beschte Béier begréisst. Ganze 44 Erstis (jo dir hutt richteg gelies, 44!🤯 Dat ass 4x11 oder 11x4 oder 44x1) konnte mer a Form vun engem klenge Rallye eng Rei Plazen hei weisen ier mer eis an engem Brauhaus bei engem Leckerli rëm getraff hunn. 🤤

🍻 Zum Schluss hu mer den Owend am Stiefel ausklénge gelooss, an dat obwuel déi mannste Stiwwlen unhaten. 👢

Mir hoffen dass mer iech e gudden Owend bidde konnten an dass mer iech all op enger Rei Events rëmgesi kënnen! 🥳

- ären LSC-Comité😘🍻

Adresse

Colonge

Benachrichtigungen

Lassen Sie sich von uns eine E-Mail senden und seien Sie der erste der Neuigkeiten und Aktionen von LSC - Lëtzebuerger Studenteclub Cölln erfährt. Ihre E-Mail-Adresse wird nicht für andere Zwecke verwendet und Sie können sich jederzeit abmelden.

Die Praxis Kontaktieren

Nachricht an LSC - Lëtzebuerger Studenteclub Cölln senden:

Teilen

Share on Facebook Share on Twitter Share on LinkedIn
Share on Pinterest Share on Reddit Share via Email
Share on WhatsApp Share on Instagram Share on Telegram