RuffNature

RuffNature Ernährungsberodung fir Hënn, Verkaaf vun natierlechem Dreschen- an Naassfudder an Accessoires

Des Woch just begrenzt op, dofir maan ech awer dei gewinnten Liwwerungen 🚛Nächst Woch sinn ech am Congé 🏖️Denkt also dru...
22/03/2026

Des Woch just begrenzt op, dofir maan ech awer dei gewinnten Liwwerungen 🚛
Nächst Woch sinn ech am Congé 🏖️
Denkt also drun: wann der eppes braucht, bestellt gären iwwert den Site 💻, och wann den Shop zu Lelleg zou ass

18/03/2026
16/03/2026

‼️‼️ d'Umeldung fir onsen 1. MUPPERALLYE ass op 😍😍

De Mupperallye fënnt den 🗓️26. Abrëll 2026 zu 📍Miersch statt.
En huet eng Längt vun ca. 5 km. Ënnerwee erwaarden iech verschidde Statioune mat flotte Spiller 😍
Et si Gruppe 👥 bis zu 6️⃣Leit zougelooss. Sollte Gruppe mat manner wéi 6 Leit sech umellen, würfele mir gegeebenenfalls Gruppen zesummen:)
Et kann een sech mat, oder ouni Mupp umellen.

⏱️ Start ass tëscht 9:30 an 13:00
Mir deelen iech är Startzäit no der Cloturatioun vun den Umeldunge mat!
❗️ Opgepasst: beim Start si keng Parkplazen! Brauch een ca. 10-15 Minutte vun de Parkplaze rondrem, fir bei de Start ze trëppelen! 🙂

💰 De Präiss ass 20€ pro Persoun, an 10€ pro Kand (bis 12 Joer inclus).
D'Muppe si gratis 🥰
D‘Umeldung ass réischt gülteg, wann d‘Sue bis iwwerwise sinn❗️
D‘Iwwerweisung kann ee man:
- op onse Kont: LU81 0019 5355 3577 0000
- per Payconiq: 621 277 910
Mam Vermierk „Mupperallye + äre Numm“

Am Präis ass de Ravitaillement 🍽️ enthalen: Mëtsch + Kaffee ☕️, ee Gedrénks 🥤, Kuch 🍰, sou wéi ❗️1❗️ Grillsaach🌭.
Am Umeldeformulaire gitt dir un, wat dir vum Grill wëllt. Awer opgepasst❗️ Am Präis ass ENG Grillsaach abegraff PRO PERSOUN❗️

Am Zielberäich erwaarden iech verschidde Stänn vun Aussteller (Bijou'en, Konscht, selwergemaachen Hunneg, a villes méi) 😍

Um ganze Wee besteet Leinenpflicht‼️ An sollt ären Hond sech net mat all anerem Mupp verdroen, dann och ee Maulkuerf derbäi hunn 🙂 Dir sidd verantwortlech fir äre Mupp🍀

Hei fannt dir dann de Link fir iech kënnen unzemellen:

https://form.jotform.com/253603764169362
(Eng Umeldung pro Grupp!)

D'Umeldung ass bis den 12. Abrëll op - außer d‘Plaze sinn virdrun schonn all verginn! (Bis dann mussen d‘Suen och iwwerwise sinn!)

🐰 Ouschter-Gewënnspill bei RuffNature! 🐣✨Feiert Ouschteren mat eis a gewannt flott Präisser fir Iech & Är Muppen!🎁 Dat k...
13/03/2026

🐰 Ouschter-Gewënnspill bei RuffNature! 🐣✨

Feiert Ouschteren mat eis a gewannt flott Präisser fir Iech & Är Muppen!

🎁 Dat kënnt Dir gewannen:

🥇1. Corbeille:
- Metal Kaart: All you need is love and a dog
- Menthe-Kamellen „Anti-Stress-Pills“ an enger flotter Këscht
- Liewerwurscht-Tube vun
- Mÿ Signature Dogfood Menue No. 9 (Kanéngchen) vun
- Meat&Treat Wurschten „Rind“ vun

🥈 2. Corbeille:
- Kanéngerchersoueren mat Pelz vun
- Hol-ee Roller
- Moro-Zopp vun

🥉 3. Corbeille:
- 1kg Soft Jewel vun
- Trainings Snack „Smaragd“ vun
- Meat&Treat Wurscht „Fisch“ vun

📅 Participatiounsschluss: 3.4.2026 um 20:00 Auer

Sou maacht Dir mat:
1️⃣ Suivéiert .nature
2️⃣ Liked an deelt dëse Post
3️⃣ Kommentéiert „Schéin Ouschteren 🐰“ an d’Nummer vun der Corbeille déi der wëllt gewannen & verlinkt 2 Frënn

⚖️ Rechtleches:
📍 D’Gewënnspill fënnt zu Lëtzebuerg an an Däitschland statt.
🏆 D’Gewënner ginn den 04.04.2026 gezunn a per Direktmessage informéiert.
🔞 Participatioun ab 18 Joer.
📌 Instagram steet a kengem Zesummenhang mat dësem Gewënnspill. De Rechtswee ass ausgeschloss.

Vill Gléck! 🍀🐶

🐶 Allergien beim Hond – wéi eng Tester si wierklech sënnvoll?Et ginn ëmmer nees Spaut- oder Felltester, déi behaapten Al...
06/03/2026

🐶 Allergien beim Hond – wéi eng Tester si wierklech sënnvoll?

Et ginn ëmmer nees Spaut- oder Felltester, déi behaapten Allergien beim Hond kënnen z’erkennen. Leider gëllt hei: Vill vun dësen Tester si wëssenschaftlech net zouverlässeg a liwweren dacks falsch Resultater.

🔬 Wat wierklech sënnvoll ass:

🥩 Ausschlussdiät
De Goldstandard bei Fuddermëttelallergien. Iwwer e puer Wochen kritt de Hond nëmmen eng nei Proteinquell an eng Kohlenhydratquell. Sou kann een erausfannen, ob d’Fudder den Ausléiser ass. Lues a lues ginn dann nei Saachen bäigefiddert.

🧪 Blutt-Test oder Intrakutantest beim Veterinär
Dës Tester ginn haaptsächlech bei Ëmweltallergien benotzt (z. B. Pollen oder Hausstaubmilben) – meeschtens fir eng passend Hyposensibiliséierung ze plangen.

⚠️ Net recommandéiert:
Spauttester, Fellanalysen oder Online-Allergietester ouni veterinärlech Begleedung.

💡 Allergie kënnen sech duerch Kraatzen, Pattelecken, Ouerentzündungen oder Hautproblemer weisen.
Bei Futtermëttelallergien kënnen awer och Duerchfall, mëlle Kaka, Blähungen oder aner Verdauungsproblemer optrieden.

Wann s du onsécher bass, schwätz am beschten mat dengem Veterinär oder enger Ernärungsberodung – zesumme fënnt een dacks den Ausléiser. 💚🐾

📢 Nei bei RuffNature! 🐶🌿Mir freeën eis iech matzedeelen, datt d’Produiten vun Nacani elo och bei eis ze kréie sinn.De Sc...
05/03/2026

📢 Nei bei RuffNature! 🐶🌿

Mir freeën eis iech matzedeelen, datt d’Produiten vun Nacani elo och bei eis ze kréie sinn.

De Schwéierpunkt läit op natierleche CBD-Produiten fir Hënn, wéi z. B. Hanf-Ueleger a funktionell Snacks, déi d’Wuelbefannen vum Hond op natierlech Aart ënnerstëtzen kënnen. Nacani setzt dobäi op Vollspektrum-Hanf mat natierlechem CBD-Gehalt, Ingredienten a Liewensmëttelqualitéit an eng Produktioun mat vill Handaarbecht.

✨ Kann hëllefen bei z. B.:
• Stress oder Onrou
• Angscht-Situatiounen (Silvester, Reesen, Veterinaire)
• Regeneratioun a Beweeglechkeet
• allgemeng Wuelbefannen a Balance

✔ natierlech Ingredienten
✔ ouni Faarf-, Aroma- oder Konservéierungsstoffer
✔ mat Veterinairen entwéckelt

📍 Am Shop zu Lelleg
🌐 oder online bei RuffNature

🌿 Promo vum Mount – Mäerz 2026 🌿D’Zeckenzäit steet virun der Dier – elo ass de perfekte Moment fir däi Mupp natierlech z...
03/03/2026

🌿 Promo vum Mount – Mäerz 2026 🌿

D’Zeckenzäit steet virun der Dier – elo ass de perfekte Moment fir däi Mupp natierlech ze schützen 🐶🍃

✨ 10 % Remise op alles aus der Kategorie „Zecken“
🎟 Code: Zecken10

Egal ob natierlech Ënnerstëtzung vu bannen, Pfleegproduiten oder praktesch Outilen fir ënnerwee – bei RuffNature fënns de alles, fir gutt virbereet an d’Fréijoer ze starten.

🛒 Gëllt op Produiten op Stock
🌐 Online: www.ruffnature.lu

🏡 Oder direkt bei eis am Shop zu Lelleg

Bereet dech elo vir a start entspaant an d’Zeckensaison 💚

Zeckenzäit

*nëmmen op alles op Stock aus den Kategorien „Trainingssnacks“ an „Naturkauartikel“ an nëmmen op Online-Bestellungen enn...
01/02/2026

*nëmmen op alles op Stock aus den Kategorien „Trainingssnacks“ an „Naturkauartikel“ an nëmmen op Online-Bestellungen ennert: www.ruffnature.lu oder sur place am Shop zu Lelleg

Adresse

Lellig

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque RuffNature publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Partager

Share on Facebook Share on Twitter Share on LinkedIn
Share on Pinterest Share on Reddit Share via Email
Share on WhatsApp Share on Instagram Share on Telegram