10/01/2014
Save the date: "REAGIS!" Formatioune am Januar a Februar 2014
De « Luxembourg Resuscitation Council », an Zesummenaarbecht mat der Stad Letzebuerg a mam Ministère de la Santé, organiséiert 10 « REAGIS ! » Formatiounen am Januar a Februar 2014 fir de Grand Public.
An dëser Formatioun léieren d'Participante wat ee ka maache wann eng Persoun een Häerzstëllstand huet a wéi een den Defibrillator fir d'Reanimatioun ka benotzen. D'Zil ass et dass d'Leit besser a méi schnell reagéieren. All Minutt déi ee waart mat der Reanimatioun reduzéiert d'Iwwerliewenschance em 7-10%.
Elo ass Geleeënheet nach esou en Cours ze maachen.
Um Territoire vun der Stad si folgend Séance virgesinn:
Mëttwoch, de 15. Januar 2014 am Centre culturel zu Bouneweg (2, rue des Ardennes)
Mëttwoch, den 22. Januar 2014 am Institut St.Jean Belair um Belair (110, av. Gaston Diderich)
Donneschdeg, den 23. Januar 2014 am Centre culturel « Schwarzt Haus » um Cents (167, rue de Trèves)
Mëttwoch, den 12. Februar 2014 am Centre culturel « Schéiss » um Belair (142, Val Ste-Croix)
Donneschdeg, de 27. Februar 2014 am Centre culturel « am Duerf » zu Weimeschkierch (2, Fonds St. Martin)
Op dësen Deeg ass all kéiers ee Cours um 19.00 Auer (op Franséisch) an ee Cours um 20.15 Auer (op Lëtzebuergesch).
Fir d'Coursë brauch ee keng speziell Virkenntnisser. D'Coursë riichte sech u jiddereen (Erwuessener a Jugendlecher, Mindestalter 12 Joer) a si gratis. Et kënne Maximum 25 Leit pro Course ugeholl ginn. D'Formatioun dauert 1 Stonn an huet een theoreteschen Deel an ee prakteschen Deel. All Participant kritt eng Brochure an ee Certificat um Enn vum Cours.
Umelle kann ee sech um Site vum Luxembourg Resuscitation Council ënnert der Rubrik « Inscription Formation Reagis ».
Méi Informatioune kritt Dir um Site www.lrc.lu, www.reagis.lu oder via E-mail op info@lrc.lu .
Luxembourg Resuscitation Council, Conseil uxembourgeois de Réanimation, Luxemburger Beirat der Wiederbelebung