07/05/2020
Ee klenge Shout Out vir mäi Lieblingsprodukt!!
Confinement:
Vill Froen, ongewéinlech Situatiounen, an vill Zäit vir sech nees mat de weesentlechen Saachen ofzegin.
Ech hunn di Zäit elo genoss, doheem ze sin a mol nees Ordnung a meng Gedanken ze kréien, mer Zäit ze huelen vir mech, meng Famill a meng Déieren. A mäin Charly huet mer nees virun Ae gehalen ewéi wichteg et ass, nei Weeër ze sichen, sech net mat enger Diagnose ze begrenzen an anzegrenzen, mee ze hannerfroen an sech domat äuseneen ze setzen.
Mat all senge Problemer hunn ech ëmmer nees gesicht vir him ee Liewen ze erméiglechen ouni ze leiden. Villes hu mer fäerdeg bruecht bis deen Dag virun quasi 3 Joer. Näischt goung méi, hien konnt net méi goen. Medikamenter di op der enger Säit liewenswichteg waren, hun hieren Tribut gefuerdert an dozou bäigedroen dass hien motoresch sou séier ofgebaut huet, dass en net méi op koum, keng 3 Schrëtt méi konnt goen.
Jo ech war op deem Punkt en ze erléisen 😔 et war kee Liewe méi, keng Liewensqualitéit an et huet mech färdeg gemeet ze gesin wéi fit hien nach am Kapp war, mee de Kierper net méi konnt. Arthrose, Dysplasie, Muskelofbäu, Epilepsie...
Zu deem Zäitpunkt, duerch Zou-Fall 😉 war ech op enger Infoversammlung iwwert Aloe Vera Produkter! Deen Owend selwer hun ech mer direkt eng Fläsch Freedom matgeholl. Schon no knapps 10 Deeg konnte mir nees kleng Tier trëppele goen. All klenge Fortschrëtt huet mech motivéiert weiderzefueren! An no 3 Méint ass den Charly nees alleng an den Auto gesprongen!! ❤️
Zanter hier huet de Freedom eng fest Plaaz a sengem Fudderplang!! Aner Produiten sin nach dobäi komm vir hien a senger Motorik weiderhin ze ënnerstëtzen! Aloe Vera ass zanter hier sengem, a mengem, an eisem Liewen net méi ewech ze denken. Heiansdo kann et esou einfach sin!!
An 2 Méint kritt hien 13 Joer!!! Vir mech ass dat ee Cadeau. An ech iwwerdreiwe net wann ech soen: De Freedom huet him d' Liewen nei geschenkt! ❤️🙏❤️🙏❤️🙏❤️