26/11/2025
HYPNOSE HUMANISTE
✨ Wat geschitt am Gehir während enger Hypnos?
Hypnos ass eng ganz natierlech Form vu staarkem Fokus, also en ultra konzentréierte Gedankegang, versprach ganz ouni Hokus Pokus!
An genee dës Konzentratioun mécht eppes ganz Extra‘es
🛣️ Nei Autobunnen am Gehir bauen
Wann’s du an Hypnos bass, gëtt däi Gehir vill méi oppe fir nei Informatiounen
Den kriteschen, interlektuellen Deel vum Gehir gëtt méi roueg.
Aner Beräicher, déi fir Kreativitéit, Emotiounen an Ännerungen zoustänneg sinn, gi méi aktiv.
An esou mecht et seng ganz Magie…
Aal Mustere léisen sech, nei Weër bilde sech.
Duerch dës erhéicht Plastizitéit kann däi Gehir:
❤️ aal Denk- oder Verhalensmuster hannerfroën
❤️ nei Siichtweisen méi einfach unhuelen
❤️ Informatiounen nei verschaffen
❤️ positiv Verännerungen méi séier integréieren
An aanere Wieder
Hypnos ass wéi eng Turbo-Maschinn fir dai Gehier. Aal Gehier-Stroossen kennen ausgebessert ginn, awer virun allem kenne nei Weer opgoen.
Wann een esou eppes well ouni Hypnos erreechen brauch d‘Gehier ganz oft Widderhuelung mat positivem Resultat, och dann baut d‘Gehier no a no eng nei Connectioun.
Hypnos bréngt dech net „fort“, mee méi no bei dech selwer – an e mentalen Zoustand, an deem Verännerung vill méi einfach a schnell méiglech gett.
Hängst du schon ze laang an aale Muster fest?
Hunn Erliefnisser gemach dass du aus der Angscht eraus dai Liewe gestaltst?
Ginn et Relatiounen oder Saachen an dengem Liewen wou‘s du Ännerung brauchs?
Souguer villaicht eng nei Siicht op deng Relatioun mat denge Kanner?
Dann schréiw mech gären un, a mir starten zesummen am neie Joër mat frëschem Wand ❤️