14/05/2025
Deelen erwënscht 🙏😘
-----------------------------------------------------
Fir déi spontan, näschten Dënschde fänkt deen nächste Kuer un🥳
🌸DENG GEBUERT mat HYPNOBIRTHING🌸
Hypnobirthing bedeit:
✨ D’Vertrauen zeréckfannen — an däi Kierper, an däi Bëbee & an de natierleche Gebuertsprozess.
✨ Entspanungstechniken, mat deenen’s de sou entspaant wéi méiglech duerch deng Gebuert kënns. Dat schéinst : du kanns der aus all deene verschiddenen Techniken déi raussichen déi am beschte fir dech passen.
✨ Deng eege Kraaft spieren a léieren, rëm selwer Decisiounen ze huelen an d’Verantwortung fir däi Wee z’iwwerhuelen.
💞 Mäi Kuerz hält net bei der Gebuert op!
Et ass mer wichteg, och iwwert d’Zäit no der Gebuert intensiv ze schwätzen,
sou dass’s de virbereet bass op dat wat duerno kënnt.
Mir schwätzen e.a. iwwert :
🌱wéi's de däi Bëbee vu Gebuert un einfach, sécher a bequeem dréis,
🌱dat wichtegst ronderëm d’Stëllen
🌱a du kriss vill nëtzlech Tipps, fir d’Wochebett sou entspaant wéi méiglech ze erliewen.
🌿 An dat schéinst:
Déi Techniken, déi’s de léiers, hëllefen der net nëmme bei der Gebuert,
mee bréngen der Rou a Vertrauen och an deng Schwangerschaft an an däi Wochebett.
🎁Schreif dech elo an, an ech schécken dir als Merci schonn déi éischt Meditatioun als Audio-Datei 😘