17/10/2025
Villmools Merci un all eis Patiente fir d‘Versteesdemech, datt mir mam Groussdeel vum Praxisteam eng ganz Woch zu Köln eis weiderbilde konnten. Mir hunn eis intensiv mam Thema „Triggerpunkt-Therapie“ (Schmerzpunkte an der Muskulatur) beschäftegt. Et war eis wichteg als Equipe un dëser Formatioun deel ze huelen, dat ob eis „Praxisphilosophie“ hiweist, mam Gedanke vum roude Fuedem, deen sech duerch all eis Behandlungen zitt.