04/03/2026
Wéi verschiddener schon wëssen wärt den Cabinet Bam vum Liewen ab Abrell 2026 säin Konzept e bessi änneren😃 well dann hunn ech meng Formatioun firt "tiergestützte Interventionen" ferdeg an wärt Séancen um Glécksbierg bei mengen Déieren unbidden🥰
Wann Där méi wëllt iwert den Glécksbierg, also déi Déieren wou nierwt mengem Cabinet liewen, wëllt wessen oder Iech frot wad dat elo genau ass, dann kennt Där gären deser Säit folgen, well do kommen elo regelméisseg Erklärungen an Präsentatiounen drop 🤓🐾
Um Glécksbierg wunne verschidden Déieren vu Grouss bis Kleng (Päerd, Ieselen, Geessen, Hënn, Kazen, Gefligel, Kanéngercher & Mierschwéngercher), déi gréistendeels aus schlechter Haltung kommen a bei äis eng zweet Liewenschance kritt hunn.
Eis Leidenschaft ass et also Déieren an Nout ze hëllefen, se ze verfleegen an hinnen e bessert a méi wierdegt Liewen ze erméiglechen.
Dëse Liewensprojet gëtt privat vum Carmen Hirtz (Déierephysiotherapeutin) & Marie Gilson (Psychomotorikerin) säit iwwer 20 Joer gefouert.
2025 huet d‘Marie dunn mat enger Formatioun zum Thema "tiergestützte Interventionen" gestart , well hatt vun de positiven Effekter vun den Déieren op de Mënsch iwwerzeegt ass a si dofir gäre wéilt a seng therapeutesch Aarbecht abannen.
Enn Mäerz 2026 huet hatt sein Examen fir den offiziellen Certificat als „Fachkraft für tiergestützte Interventionen“ ze kréien an hofft dass hatt dann seng Patienten aus dem Cabinet „Bam vum Liewen“ mat eraus op de Glécksbierg huelen kann.