15/05/2025
Häerzlech Wëllkomm am Team, Aurélie 🍀
Mir si ganz houfreg, d’Aurélie ab elo am Gesondheetshaus Réiserbann begréissen ze kënnen.
Hat ass Infirmière Anesthésiste zënter 2008 am Spidol Robert Schuman zu Lëtzebuerg a praktizéiert zënter 2016 Hypnotherapie, nodeems hat am Milton Erickson Institut diploméiert gouf.
Am Spidol huet d’Aurélie d’Hypnose ënner anerem am RAAC-Programm (Récupération Accélérée Après Chirurgie) agesat, fir d’Rekonvaleszenz vu Patient:innen z’ënnerstëtzen – fir den Wéih an d’Angscht ze huelen oder d’Angscht virun an no enger chirurgescher Interventiounen.
Am Gesondheetshaus bitt d’Aurélie elo perséinlech Hypnotherapie un bei:
✨ Stress- a Gefillsmanagement
✨ Hypnose an der Schwangerschaft
✨ Phobien a komplexem Erleedtem
✨ Autohypnose fir Kanner
✨ a vill méi
💫 Mat vill Erfarung, Häerz a Fachwëssen begleed hat Mënschen op hirem Wee a Richtung Gläichgewiicht a Wuelbefannen.
📩 Méi Infoen a Rendez-vous iwwert: +33648107912
…………………………………………………………………………
Bienvenue à Aurélie dans notre équipe🍀
Nous avons le plaisir d’accueillir Aurélie au sein du Gesondheetshaus Réiserbann.
Infirmière anesthésiste depuis 2008 à l’Hôpital Robert Schuman, Aurélie est diplômée en hypnose Ericksonienne depuis 2016 (Institut Milton Erickson Luxembourg).
Elle a mis en place des consultations d’hypnose dans le cadre du programme RAAC (Récupération Accélérée Après Chirurgie) afin d’aider les patients à mieux vivre leur convalescence – en soulageant la douleur, l’anxiété ou la peur avant et après une opération.
Aujourd’hui, elle propose des séances d’hypnothérapie personnalisée dans les domaines suivants :
✨ Gestion du stress et des émotions
✨ Hypnose pendant la grossesse
✨ Confiance en soi, phobies, traumatismes
✨ Autohypnose pour enfants
✨ Et bien plus encore
💫 Une approche douce et professionnelle pour vous reconnecter à vos ressources intérieures.
📩 Pour plus d'infos ou prendre RDV: +33648107912