05/07/2020
Mäin Numm ass Stefan Hegermann a viru 7 Joer hunn ech meng Ausbildung fir d'Kinésithérapie ofgeschloss. Schonn a mengem leschten Ausbildungsjoer hunn ech als Sportskiné fir d'Rugby Nationalequipe a fir de Rugby Club Luxembourg geschafft an esou meng éischt Experienzen am Beruff gesammelt.
Vun 2013 bis 2017 war ech dunn als Kiné am Cabinet vum Marc Peters zu Uespelt agestallt, wou ech zousätzlech och Course fir funktionellen Core Training, Fitness Course fir d'fräiwelleg Pompjeeën an e Cours a Kombinatioun mat enger Ernährungsëmstellung gehalen hunn.
D'manuelle Lymphdrainage an d'manuelle Therapie waren zwou Formatiounen, déi ech direkt am Uschloss gemaach hunn.
Parallel dozou hunn ech nach als Instruktor fir MedicalFlossing a fir RockTape ugefaangen ze schaffen.
Um Ackermann College konnt ech eng Formatioun fir "sanfte Chiropraktik" an "strukturelle Osteopathie" absolvéieren, wat mech motivéiert huet dat Ganzt nach méi am Detail ze léieren. Dofir hunn ech mech 2015 an der IFAO fir d'Osteopathie ageschriwwen a wäert am September 2020 mäi Studium kënnen ofschléissen.
Tëschenzäitlech hunn ech och nach an der Schwäiz un der David G Simons Academy "DryNeedling" geléiert.
2017 krut ech dunn déi super Occasioun als Associé an eiser Praxis zu Steesel eranzeklammen.
2018 koum mäi Bouw Étienne op d'Welt, dee mir ganz vill Freed mécht a mir nach méi Motivatioun an Energie schenkt.
Well ech e Mënsch sinn deen Erausfuerderungen sicht, koum mir och d'Iddi zousätzlech nach en neien Cabinet opzemaachen.
Dës Kéier mat engem, nieft der klassescher Kiné, neie Konzept wou ech d'Osteopathie benotze wäert fir den Training, respektiv divers Exercicen ze optimiséieren.
Well mir meng Patienten an den Erfolleg vun der Therapie ganz wichteg sinn, wäert ech och an Zukunft probéiere mech weider ze entwécklen an Erausfuerderungen ze sichen.