Reconnect by Lisi

Reconnect by Lisi Informations de contact, plan et itinéraire, formulaire de contact, heures d'ouverture, services, évaluations, photos, vidéos et annonces de Reconnect by Lisi, Site web santé et bien-être, Fouhren.
(1)

🪷 De Kierper als Schlëssel zu méi Balance an dengem Liewen

💆‍♀️ Rebalancing Tiefengewebsmassage & Nervesystem-Regulatioun

📍Fouhren & Ettelbréck

💌 Rdv iwer meng Homepage oder iwer WA

🧴🌱 Ringana Frische Kosmetik & Nahrungsergänzung

🩹 Superpatch

Happy Monday ☀️☀️☀️
02/03/2026

Happy Monday ☀️☀️☀️

Heelung fënnt innerhalb vun eisem Window of tolerance statt, wann eisen Nervesystem an sengem optimalen Erregungszoustan...
27/02/2026

Heelung fënnt innerhalb vun eisem Window of tolerance statt, wann eisen Nervesystem an sengem optimalen Erregungszoustand as. Do wou eisen Kierper frai fléisst, wou mir emotional ausgeglach sin, wou mir kloer denken kënnen an trotz Stress nach handlungsfäheg bleiwen. Do wou mir an all Situatioun mat eisem Kierper verbonnen sin an aus eiser Kierperintelligenz eraus handelen.
Genau do léisen sech Uspaanung an Verspaanung baal vum selwen.
An genau daat as den Grond firwaat ech ëmer rem widderhuelen „ouni am Alldaag noom Nervesystem ze kucken, brengen meng Massagen bei villen Leit à long terme net wirklech epes, well sie den Grousdeel vun hierem Alldaag an der Iwer- oder Ënnererregung hänken. Do wou den Kierper festhällt, ugespaant as an Verspaanungen sech bilden.

Kombinéiert een die zwee, verännert d‘Liewen sech ganz schnell. Dann kënnt Liewensenergie rem an d‘Fléissen an d‘Liewen mëcht rem richteg Spass ♥️

An genau dowéinst verbannen ech elo die 2 mateneen : ech bidden weiderhin Massagen un an iwert main neien Online Raum ‚Reconnect Liewen‘ brengen ech den ganzen Volet Nervesystem nach vill méi mat an d‘Spill. Souwuel d‘Wëssen ëm den Nervsystem an alles do rondrem, wéi och (an firun allem daat) praktesch Regulatiounsübungen mat Video‘en an gefouert Audio‘en.

Falls daat dech interesséiert, fënns du den Link am éischten Kommentar 💌

26/02/2026

Mat 2 Wochen Verspéidung, dofir awer mat nach méi Elan, kënnt hei den Link fir Reconnect Liewen.
Den Raum wou mir d’Verbindung zu eis selwer trainéieren an rem bei eis selwer ukommen.

Die éischt 3 Inhalter gin en Sonndeg fraigeschalt :
Een Theorie Input zum Nervesystem,
een Video mat ugeledten SOS Übungen
an een éischten Deel zum Thema Schloof.

Mir waerten die nächst Wochen an Méint iwer Nervesystem, Vagus-Nerv, Cortisol, nervesystemfrëndlecht Liewen (Schloof, Ernährung, Hydratatioun, Bewegung, Nährstoffer …) schwätzen.
Am Übungsdeel kommen Regulatiounsübungen, Otemübungen, Selbstmassagen an Übungen fir Verspaanungen ze léisen.

Well net jidfereen d‘selwescht funktionéiert, gin et Video‘en, Texter an Audiodateien. Ech kucken do ëmer waat bei wei een Thema am beschten passt.

Reconnect Liewen as eng Membership an funktionéiert wéi een Abonnement. Du kanns zu all Moment kënnegen. Dain Agangsprais bleiwt bestoen, soulaang dain Abonnement leeft.

Bis en Samsdeg kanns du nach zum Agangsprais vun 13€ den Mount ranklammen. Ab en Sonndeg gëllt den normalen Prais vun 27€ den Mount.

Ech packen den Link an d‘Kommentarer an fréen mech iwer jidfereen, den sech op den Wee mecht zu engem méi verbonnenen Liewen ♥️

Haut schreiwen ech hei mat engem risegrousse Merci am Häerz.Viru sechs Méint hunn ech ganz lassgeluecht. Net nëmmen als ...
08/02/2026

Haut schreiwen ech hei mat engem risegrousse Merci am Häerz.

Viru sechs Méint hunn ech ganz lassgeluecht. Net nëmmen als kleng Massagepraxis nieft der Aarbecht, mee Vollzäit.

An ech hätt ni geduecht, wéi vill Mënschen sech vun dëser Aarbecht beréiert géife fillen.

Dir sidd komm.
Mat äre Geschichten.
Mat äre Kierper.
Mat ärem Vertrauen.

An iergendwann an de leschte Wochen ass mir eppes ganz kloer ginn:

Ech kann der Demande net méi gerecht ginn.

Net ouni mech selwer ze verléieren.

Net ouni nees an e System ze rutschen, an deem Mënsche léieren, datt een aneren si vu bausse „reparéiert“.

An genee dat entsprécht net menger Haltung.

Hei geet et net ëm Heel maachen.
Mee ëm Heemkommen.

Du bass net futti.
Och wann däi Kierper sech heiansdo esou ufillt.
Och wann däi Liewen sech heiansdo esou ufillt.

Meng Aarbecht war ni dofir geduecht, dech ofhängeg vu mengen Hänn ze maachen.

Si war ëmmer dofir geduecht, dech zeréck an deng eegen Hänn ze begleeden.

An däi Kierper.
An deng Selbstverbindung.
An däin eegent Gedroe sinn.

Dofir maachen ech elo en neie Raum op.

✨ Reconnect Liewen ✨

E Raum fir Mënschen, déi spieren:

Ech wëll mech net just all puer Wochen „riichte loossen“.
Ech wëll léieren, mech selwer ze halen.
Am Alldag.
Am richtege Liewen.

Do gëtt et:

* Reparenting through Touch
* Nervesystem-Regulatioun
* Übungen, déi Kierperspannung nees an de Floss bréngen
* douce Mindset-Impulser
* Begleedung zeréck an däin eegent Doheem an dir, an dengem Kierper

Dëse Raum ersetzt keng Kierperaarbecht.
Mee e verdéift se.
An e mécht dech méi onofhängeg vu mir.

An dat ass vläicht dat Schéinst, wat meng Aarbecht erreeche kann.

Ech sinn onheemlech dankbar fir all Mënsch, dee mech bis heihinner begleet huet.
Fir all Vertrauen.
Fir all Kierper, deen sech op mengem Massagedësch opgemaach huet.

Elo dierf en neie Schrëtt entstoen.

Net ewech vu Beréierung.
Mee nach méi déif an d’Verbindung eran.

Reconnect Liewen wäert ee Raum sinn, den ech lues a lues wäert fidderen. Den däerf wuessen. Well wann ech eppes net wëll, dann ass et dech mat Informatiounen an Übungen zouzemüllen an däi System sou nëmme weider an d‘Iwwerfuerderung ze dreiwen.

Dofir gët Reconnect Liewen ee Raum de bëssen wei een Abonnement funktionéiert. Du bleifs soulaang wei et fir dech passt.

An den nächsten Deeg ginn ech iech hei méi Informatioune wat déi nächst Méint um Programm wäert stoen.

Ween lo scho seet ‚dat wëll ech hunn‘ , kann sech den Astiegsprais vun 13€ lo scho sécheren an hei mat INFO kommentéieren oder mir ee Message schécken.

Ech freeën mech op jiddereen de säin eegent Liewen an d‘Hand hëlt ♥️

Ech kommen grad aus dem Cantienica an kann dësen Training jidferengem weiderempfehlen. Opriichtung vun bannen eraus. Mir...
23/01/2026

Ech kommen grad aus dem Cantienica an kann dësen Training jidferengem weiderempfehlen.
Opriichtung vun bannen eraus. Mir kënnen eis Haltung net nëmmen iwert die baussecht Muskulatur beaflossen. As die déif Musukatur net staark genug, kann keng wierklech Opriichtung geschéien.

Den Link zum Josiane senger Sait setzen ech an den 1. Kommentar.

Mir hunn all ee ganz krasst Heelungspotential an eisen eegenen Hänn wat mir komplett vernoléissegen.Deng eegen Hand flaa...
18/01/2026

Mir hunn all ee ganz krasst Heelungspotential an eisen eegenen Hänn wat mir komplett vernoléissegen.

Deng eegen Hand flaach op däi Kierper geluecht, signaliséiert dengem Kierper :

Et ass alles an der Réi.
Du bass a Sécherheet.

Deng flaach Hand op dengem Kierper signaliséiert dengem Kierper keen „maach dat wech“,
mee een „ech sinn do“.

Deng Hand hëlt däi ganze System zréck an d‘Géigewaart.

Däin Kierper kann opootmen an zur Rou kommen.

Mir brauche keng komplizéiert Übungen, just Präsenz. An ech weess, dat kann sech am Ufank komesch ufillen.

Wann mir ëmmer d‘Gefill haten „et ass kee fir eis do, ech sinn ëmmer eleng“ a mir eis dann op emol selwer di Präsenz schenken, kann dat sech ongewinnt ufillen.

Mee wie Verännerung wëll hunn, däerf Ongewinntes rëm sécher maachen.

Genau dat ass d‘Geheimnis vu menge Massagen.
Et ass net d‘Technik, mee meng Hänn déi dem Kierper signaliséieren
„Du bass genau richteg, sou wéis du bass!“

All eenzelnen Bobo un eisem Kierper, ass de Versuch vum Kierper rëm eppes a Balance ze bréngen, wat aus dem Gläichgewiicht geroden ass.

An genau dat ass et, wat mir eisem Kierper och selwer kënnen zielen.
All eenzelnen Dag an eisen Hautfleegeroutine.

Et ass keen Zoufall, dass ech meng Massagepraxis réischt Ënn 2023 opgemaach hunn.
5 Méint nodeems ech mir selwer Sécherheet mat mengen eegen Hänn ginn hunn, iwwer meng deeglech Gesiichtsfleeg.
Hätt ech virdru lassgeluecht, wier et just Technik an definitiv vill manner zauberhaft gewiescht.
Technik kann jidfereen léieren, Präsenz as d’Konscht duerch déi Verännerung geschéien kann.

Dass ech haut net nëmme masséieren, mee och natierlech a frësch Pflegeproduiten weiderrecommandéieren ass ee Ganzt.

Well ech all Mënsch wënschen, rëm mat sengem Kierper verbonnen ze sinn an dem Liewen doduerch rëm mat Freed begéinen ze kënnen.

Well déi läit am Kierper, net am Kapp. Di léif Liewensfreed ♥️

Ween mat engem dysreguléierten Nervesystem duerch d‘Géigend leeft, huet bspw ëmmer ugespaante Schëlleren an eng Nuque dé...
06/01/2026

Ween mat engem dysreguléierten Nervesystem duerch d‘Géigend leeft, huet bspw ëmmer ugespaante Schëlleren an eng Nuque déi sech vun Moies bis Owes mellt. Den Nervesystem seet ‚mir sinn net a Sécherheet‘, d‘Muskelen äntwerten dorop mat Vigilenz an zéien de Kapp an an d‘Schëlleren an d‘Luucht, d‘Faszien halen dat Muster fest. Resultat : eng ugespaanten Nuque. Iwregens, déi Verspanung déi ech a mengem Massagealldaag am Allermeeschte gesinn.

An natierlech deet et immens gutt, d‘Schëlleren an d‘Nuque gutt masséiert a geléist ze kréien. Mee dat hält genau puer Wochen un, well den Dirigent weiderhi seet : ‚mir sinn net a Sécherheet‘.

Ween also à Long Terme Erliichterung wëll, kombinéiert Nervesystemregulatioun a Massagen, rspt bodywork mateneen.

Genau déi Kombi huet gemaach, dass ech net méi all Moie mat Wéi opstinn. Dass ech an der Kierperarbecht gelant sinn, huet nämlech säin Grond. Main Kierper huet mir den Zesummenhang tëscht Kierper a Geescht immens fréi gewisen. Ech war dat, wat all Moie mat Wéi opgestanen ass. Ech war dat, dem säin Kierper schonn ganz jonk di dollsten Erkrankungen hat. Mee ech sinn och dat, wat sech haut net méi muss vu sengem Kierper flachléen loossen, well ech geléiert hunn op d‘Signaler ze lauschteren.

An well ech dat Nervesystemwëssen mat an d‘Welt wëll droen, sinn ech een Deel vum Alive Together Network. Do fënns du alles waats du brauchs fir däin Nervesystem rëm méi an d‘Regulatioun ze bréngen.
An de Kommentare fënns du de Link zu den eenzelnen Produkter (affiliate Link). Mell dech gär bei mir, wann s du net weess wat fir dech grad am Passendsten ass. Ech kucke gär mat dir wat de perfekten Astieg fir dech ass.

It‘s never to late fir Neijoerswënsch ♥️ Ech wënschen eis all ee Joer an dem mir eise Kierper net méi als Lascht gesinn....
06/01/2026

It‘s never to late fir Neijoerswënsch ♥️ Ech wënschen eis all ee Joer an dem mir eise Kierper net méi als Lascht gesinn. Ee Joer an dem mir Verspanungen a Bobo‘en endlech als dat erkenne wat si sinn : ee Message vun eisem Kierper. Eise Kierper zielt eis all Dag op mir op der richteger Spuer sinn, oder wäit dovu fort duerch d‘Liewe gondelen.

Ech wënschen eis all ee Joer an dem mir eis rëm mat eis selwer verbannen an d‘Messagë vun eisem Kierper kënnen entschlësselen. De Käppi kann dat nämlech net. Réischt wann eise Kierper rëm eis sécher Basis ass, entfaalt sech den Zauber vum Liewen.

Alles Guddes fir all Eenzelnen hei ♥️

Soulaang däin Nervesystem enk an ugespaant ass, ka keng Energie duerch däi System fléissen. Dann bléiwe mir ugespaant an...
09/11/2025

Soulaang däin Nervesystem enk an ugespaant ass, ka keng Energie duerch däi System fléissen.

Dann bléiwe mir ugespaant an d‘Liewen ass ustrengend.

Dann triggert all Klengegkeet am Baussen eis an et geet eis schlecht.

Soubal eis Nervesystemkapazitéit méi grouss gëtt, kënne mir mam Liewe mat flowen.

Dann kommen eis Gefiller rëm an d‘Fléissen an eist Liewe gëtt zu engem Fest.

Eng vun den einfachste Méiglechkeeten eisen Nervesystem rëm a Floss ze bréngen, ass pendelen.

Douce vun engem Fouss op den anere pendelen, bréngt däi System eem zur Rou an domat och rëm an d‘Fléissen.

Probéier et einfach mol aus. All Dag 2-3 mol puer Minutte pendelen. Ouni Drock, mee just mat gesondem Fuerwëtz.

Nervesystemregulatioun an sech rëm mam eegene Kierper verbannen, ginn ëmmer Hand an Hand.Well däi Kierper ass déi Platz,...
20/10/2025

Nervesystemregulatioun an sech rëm mam eegene Kierper verbannen,

ginn ëmmer Hand an Hand.

Well däi Kierper ass déi Platz,

wou Heelung geschitt.

Wann s du léiers, däi Kierper rëm ze spieren,

léiert och däin Nervesystem,

dass du sécher bass.

🕊️ Iwwer bestëmmten Übungen, déi daïn Nervesystem direkt uschwätzen :

Een Otemzoch.

Ee Summen.

De Kierper liicht rëselen.

💫 Iwer Selbstberéierung :

Iwwer bewosst Gesichtspflegeroutinen kanns du däin Nervesystem immens einfach an effektiv reguléieren.

Eng Hand bewosst iergendwou op däi Kierper leeën a spiere wat grad am Kierper lass ass, ka Wonner bewierken.

🌿 Iwwer Beweegung :

Somatesch Beweegungen hëllefen dir, däin Kierper rëm ze spieren.

Intuitive, douce Beweegungen helfen, Spannung loszeloossen.

Wann de Kierper sech fräi beweegen kann,

kënnt d‘Energie rëm an d‘Fléissen

a Liewensenergie gëtt rëm waakreg gekëddelt.

💞 Iwwer Co-Regulation

Heiansdo reguléiert däi System sech an der Präsenz vun engem aneren Mënsch.

An engem Bléck,

An enger Stëmm,

An enger sécherer Präsenz.

Wann mir sou kleng Saachen an eisem Alldag abauen, geschéie Wonner.

Mir ënnerschätze vill ze oft d‘Wierkung vu klenge Verännerungen.

Probéier et aus, maach dagdeeglech kleng Regulatiounsübungen an däi Liewe gesäit an 3 Méint anescht aus ♥️

D‘Lea, dem Camille seng Fra, erwächt Moies scho mat engem risege Gedankekarussel. Seng To Do Lëscht ass riseg an ier d‘K...
19/10/2025

D‘Lea, dem Camille seng Fra, erwächt Moies scho mat engem risege Gedankekarussel.

Seng To Do Lëscht ass riseg an ier d‘Kanner an der Schoul sinn, fillt hat sech, wéi wann hat schonn ee Marathon gelaf wier.

Dat Schlëmmst ass jo bal nach, dass hat alles selwer muss maachen. Säin Mann ass zu näischt fäeg, d‘Kanner loossen iwwerall alles trëllen a wann d‘Lea net hannert hinnen hier ass, vergiessen si souguer hire Kapp éierens am Eck.

Et gëtt keng Paus tëscht all sengen Aufgaben. An sengem Kapp plappert ëmmer rëm di Stëmm „wann s du net alles selwer mëss, klappt hei näischt an et endegt an engem risege Chaos“.

Hat wier immens gären di léif Mamm wéi seng Nopesch et ass : lëschteg, fräi an ëmmer léif a gedëlleg mat de Kanner.

Mee iergendwéi ass hat ëmmer hannert de Kanner amgaang mat meckeren an explodéiert vill ze oft. Duerno huet hat ëmmer rëm ee schlecht Gewëssen an erlaabt de Kanner rëm méi, wéi hat eigentlech wëll.

Mat sengem Mann ass alt sou eng Saach. Hat fillt sech net gesinn, net verstanen an Null ënnerstëtzt vum Camille.

Wann d‘Lea probéiert mat him ze schwätzen, aart all Gespréich a Fierwerf aus. Doropshin zitt hien sech ëmmer méi zréck.

Hat iwerhëllt ze vill Verantwortung, hien zitt sech eraus an um Ënn vum Lidd fillen si sech allen zwee eleng.

D’Aarbecht ass fir hatt Flucht a Belaaschtung gläichzäiteg.

Hat mécht vill, iwwerhëlt dacks och wat aner net maachen. Do kritt hat wéinstens Unerkennung, a fillt sech fir e Moment wäertvoll.

Mee wann een hat kritiséiert oder eppes net geléngt, fällt hatt séier a Selbstzweifel a fillt sech da wéi blockéiert.

Mee ee Gléck huet hat seng Mädels Grupp. Wéinstens eng Platz wou hat sech auskatzen kann. Hinne geet et alleguer d‘Selwecht an hei kënne si wéinstens gemeinsam iwwert hier inkompetent Männer an den nervegen Alldaag lästeren.

************

D’Lea ass gefaangen am Dauerfight mam Liewen.

Säin Nervesystem leeft scho moies op Alarm.
De Gedankekarussel ass net einfach nëmme mentalen Overthinking, mee op Nervesystemebene de Sympathikus, deen direkt nom Erwächen aktivéiert gëtt:

„Gefor! Et dierf näischt schifgoen, du muss alles am Grëff hunn!“

Dësen Dauerstress ass net rational, mee kierperlech.
De Kierper kennt näischt anescht wéi: “Wann ech net kontrolléieren, verléieren ech Sécherheet.“

Héchstwarscheinlech ass d’Lea an engem Doheem grouss ginn, wou Kand ze sinn, funktionéiere bedeit huet.
Vläicht eng Mamm déi iwwerfuerdert war, e Papp deen net wierklech präsent war.

Säin Nervesystem huet deemools geléiert:

„Ech sinn nëmme sécher, wann ech alles am Grëff hunn.“
„Wann ech relaxen, passéiert eppes Schlechtes.“

Dat ass fréi geléiert Iwwerliewensenergie, déi vum Kierper net vergiess gëtt, och wann de Käppi haut weess, dass keng Gefor méi do ass.



Den FIGHT-State : d’Sich no Kontroll

De meeschten Deel vu sengem Alldag lieft d‘Lea am Fight-Modus.
Hatt kämpft géint Zäit, Onuerdnung, Middegkeet, d’Kanner, säi Mann an eigentlech géint d’Gefill vun Hëlleflosegkeet.

Fight-Energie gëtt vum Kierper produzéiert fir Handlung:
Adrenalin, héije Bols, Spannung am Broschtberäich, Kiefer, Schëlleren.
Hat ass dauernd am Alarm-Zoustand, och wann et roueg ass.

Dofir:
- Explosiounen (wann d’Energie keng Plaz méi huet)
- Kontroll (fir net aus der Balance ze falen)
- Iwwerfunktioun (fir d’Gefill vu Wäert ze halen)

Nom Explodéiere kënnt d’Schold, e Mini-Kollapse.
Duerno setzt hatt sech ënner Drock, nach méi ze maachen.
Et ass en sech selwer verstäerkenden Krees.



De FREEZE-State : de Schutz virum ze vill Fillen.

Wann d’Energie vum Kampf ze grouss gëtt,
zitt de Kierper d’Handbremse.

Hatt fillt sech da blockéiert, eidel, emotional zou.
Vläicht sëtzt hatt owes um Canapé a scrollt,
mee de Kierper ass eigentlech am Freeze. Energeetesch gelähmt, och wann de Kapp nach schafft.

Dëse Freeze gëtt dacks mat „Erschëpfung“ verwiesselt, mee et ass Schutz, kee Mangel u Wëllenskraaft.



Mat sengem Mann ginn d’Nervesystemer an ee Spigel

D’Lea ass am Fight,
de Camille am Flight / Freeze.

Dem Lea säin Fight aktivéiert dem Camille säi Freeze,
säi Freeze aktivéiert rëm dem Lea säin Fight.

Hatt spiert säi Réckzuch als Gefor → Fight geet erop.
Hien spiert säi Kampf als Gefor → zitt sech méi zeréck.

Zwee Nervesystemer, déi Sécherheet wëllen,
mee d’Strategië sinn entgéintgesat.
Dofir verléieren si sech, och wann si noenee sichen.



D’Aarbecht aktivéiert dem Lea seng Kompetenz-Schicht.
Do kann hatt „fonctionéieren“ an de Fight gëtt produktiv ëmgeleet an Adrenalin gëtt gebraucht.

Mee di klengste Kritik triggert de selwechte Kär wéi doheem:

„Ech sinn net genuch.“

Direkt gëtt de System erëm onstabil an hat rutscht an de Fight oder Freeze.



An senger Mädelsgrupp kann hatt Drock ofloossen,
mee d’Theme bleiwen op engem rengen Entlueden Niveau:
„D’Männer, d’Kanner, d’Aarbecht…“

Dat ass eigentlech eng Form vu sozialer Co-Regulatioun. Si reguléieren sech zesummen duerch Fight-Energie.
Et entlaascht kuerz,
mee et féiert net a Verbindung oder Regulatioun.



De Wee eraus geet net iwwer méi Effort, mee iwwer méi Sécherheet.
Heelen heescht fir hat net méi schafen, mee d’Kontroll lues ofginn a Vertraue léieren.

Dat geet nëmmen andeems d’Lea rëm méi mat sengem Kierper verbonnen ass a vum Kampf an d’Vertrauen a vum Kontrolléieren an d’Gefill vu Gehale ginn, zréckkomme léiert.

Fazit

D’Lea ass net „schwéier“ oder „onméiglech“.
Hat ass eng Fra,
déi ze laang an engem System vu Verantwortung a Kampf gelieft huet,an elo nëmmen nach esou funktionéiere kann, well säin Kierper soss zesummefale géif.

Ënner sengem Staark si läit ee mëllt, empfindlecht Häerz, dat einfach wëll erliewen:

„Ech muss näischt maachen, fir richteg ze sinn.“

Wéi den Camille sou ‚funktionéiert‘ hun ech gëschter beschriwen. Den Link dohinner setzen ech an d‘Kommentarer 💌

Ech komme grad aus dem Opening Call vun ‚Come into your body‘ an do hunn ech den Zesummenhang tëscht menger Massagearbec...
19/10/2025

Ech komme grad aus dem Opening Call vun ‚Come into your body‘ an do hunn ech den Zesummenhang tëscht menger Massagearbecht an Nervesystemregulatioun nach emol souvill méi krass gefillt :

Soulaang eis Nervesystemkapazitéit ganz niddreg ass, gëtt all Stress an de Faszien gespäichert an eis Verspanungen ginn éischter schlëmmer wéi manner.

Änlech geet et mam Lassloosse vu Verspanungen. Soulaang eis Nervesystemkapazitéit net erhéicht gëtt, kann di Energie, déi an eise Verspanungen festhänkt, net sou liicht an d‘Fléisse kommen.

Fir mech ass schonn éiweg kloer : dat eent geet net ouni dat anert. An haut hunn ech et um eegene Kierper mol rëm erlieft. Eng Verspanung déi mech schonn éiweg plot, fänkt grad u lasszeloossen nodeems ech mech rëm emol sou richteg an de Kierper féiere gelooss hunn ♥️

Sech selwer mam Kierper verbannen ass dat eent, sech vun engem aneren uleeden ze loossen, huet mech haut nach emol vill méi déif antauchen gelooss.

Ech ka jidderengem nëmme vun Häerzen recommandéieren nach mat an ‚Come into your body‘ mat ranzesprangen. 21 Deeg mam Kierper verbannen ♥️

A ween net direkt 49€ well investéieren, spréngt an de gratis ‚the human basics‘ Programm eran. Do wäert et vill Wëssen zu Nervesystem, Trauma &
co ginn. An aktuell kommen d‘Opzeechnunge vun den 3 éischten Deeg vun ‚come into your body‘ gratis do eran.

Ech setzen den Shop-Link ënnen an d‘Kommentarer. Do fënns du die 2 Sachen :
Come into your body
The human basics

Adresse

Fouhren
9454

Site Web

https://lisidefijter.ringana.com/, https://myablefy.com/s/lyvore?pid=69228&prid=15866&up

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Reconnect by Lisi publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Partager

Share on Facebook Share on Twitter Share on LinkedIn
Share on Pinterest Share on Reddit Share via Email
Share on WhatsApp Share on Instagram Share on Telegram