16/04/2026
📢 Nei am Team beim CNAPA – Lynn
Zënter dem 05.01.2026 ass d’Lynn Deel vum CNAPA. Virdrun huet hat säi Master zu Bréissel an der Santé publique, mat Schwéierpunkt op Politik, Gesondheetssystemer souwéi Gesondheetsfërderung a Präventioun, ofgeschloss.
Beim CNAPA ass hat als Fachberoderin fir Suchtpräventioun a Gesondheetsfërderung aktiv.
D’Lynn ass haaptsächlech an de Beräicher vun den illegale psychoaktive Substanzen an Alkohol täteg. Hat beschäftegt sech besonnesch mat der Approche vun der Risikominiméierung a bréngt dës Perspektiv aktiv an d’Präventiounsmoossnamen eran.
Mir freeën eis, hat am Team begréissen ze dierfen an hat a senger neier Funktioun ze begleede 💙