ATVA - Agence pour la Transition vers une Vie Autonome

ATVA - Agence pour la Transition vers une Vie Autonome Die ATVA begleitet junge Menschen
mit besonderen Bedürfnissen

Schéin Ouschteren 🌷Mir wënschen Iech schéi Momenter, vill Sonn an eng roueg Zäit mat deene Leit, déi Iech wichteg sinn. ...
05/04/2026

Schéin Ouschteren 🌷

Mir wënschen Iech schéi Momenter, vill Sonn an eng roueg Zäit mat deene Leit, déi Iech wichteg sinn. 🐣

💙 Den 2. Abrëll ass Weltdag vum Autismus – Light It Up Blue! 💙Mënschen am Autismus-Spektrum hunn eenzegaarteg Stäerkten,...
02/04/2026

💙 Den 2. Abrëll ass Weltdag vum Autismus – Light It Up Blue! 💙

Mënschen am Autismus-Spektrum hunn eenzegaarteg Stäerkten, Talenter a Perspektiven - si verdénge Respekt, Versteesdemech an déi richteg Ënnerstëtzung.

D' ATVA begleet Jonker mat spezifesche Besoinen op hirem Wee an e selbststännegt Beruffsliewe 🧩 well jidderee seng Chance verdéngt.

Dës Woch haten eis Conseilleren d’ "Ateliers Kräizbierg" zu Diddeleng besicht.Si haten d' Geleeënheet en Abléck an déi v...
27/03/2026

Dës Woch haten eis Conseilleren d’ "Ateliers Kräizbierg" zu Diddeleng besicht.

Si haten d' Geleeënheet en Abléck an déi verschidden Atelieren ze kréien – vu Jardinage bis Sérigraphie – an interessant Gespréicher féieren.

Merci fir den oppenen Austausch an déi wäertvoll Andréck!

21/03/2026

21. Mäerz – Weltdag vum Down-Syndrom (Trisomie 21) 💙💛

D' ATVA steet fir Versteesdemech, Respekt an Inklusioun. 🤗🫱🏼‍🫲🏼🫶🏼

🌞 Schéine Weltdag vum Gléck an e schéine Fréijoersufank! 🌸🏵️🌼D’Sonn kënnt eraus, d’Deeg gi méi laang, et ass Zäit fir ne...
20/03/2026

🌞 Schéine Weltdag vum Gléck an e schéine Fréijoersufank! 🌸🏵️🌼

D’Sonn kënnt eraus, d’Deeg gi méi laang, et ass Zäit fir nei Energie, nei Chancen an nei Perspektiven.

Gléck läit oft an de klenge Saachen:
👉 engem Gespréich
👉 e Fortschrëtt
👉 eng Méiglechkeet
👉 nei Perspektiven

Mir wënschen Iech all vill Sonn, vill Energie a vill kleng Momenter vu Gléck. ☀️💪🏼✌🏼🍀

Am Februar a Mäerz hate mir am Centre pour le Développement Moteur (CDM) Workshoppen iwwert d’Aarbechtswelt gehalen: Vir...
13/03/2026

Am Februar a Mäerz hate mir am Centre pour le Développement Moteur (CDM) Workshoppen iwwert d’Aarbechtswelt gehalen: Virbereedung op den Aarbechtsalldag, Stagen, CV, Virstellungsgespréicher, ...

Mir soe Merci un de CDM an un déi motivéiert an engagéiert Schüler:innen fir de flotten Austausch.


Wat ass eng kognitiv Beanträchtegung?Dës Besonnechheet an der Entwécklung bréngt mat sech, datt de Jonke méi lues denkt ...
09/03/2026

Wat ass eng kognitiv Beanträchtegung?

Dës Besonnechheet an der Entwécklung bréngt mat sech, datt de Jonke méi lues denkt a léiert.

Si léieren an hirem eegenen Tempo well d’ Informatiounen anescht verschafft ginn. Dacks brauche si am Alldag eng Ënnerstëtzung.

Mat professioneller Hëllef kënnen di Meescht e selbststännegt Liewe féieren.

Mir vun der ATVA hëllefen dëse Jonker eng ugepassten Aarbecht ze fannen, wa si och scho vun engem Kompetenz-Zenter ënnerstëtzt ginn.

🌟 Mir sinn nach bis 16:30 um Belval Plaza, Stand 21! 🌟Komm laanscht an informéier Dech iwwer d' Beruffsbegleedung fir Jo...
18/02/2026

🌟 Mir sinn nach bis 16:30 um Belval Plaza, Stand 21! 🌟

Komm laanscht an informéier Dech iwwer d' Beruffsbegleedung fir Jonker mat spezifesche Besoine! 🚀

Rappel Save the Date! 🗓️ Mëttwoch, den 18. Februar 2026 vun 09:30h bis 16:30h.Komm an den Belval Plaza bei d' Infobourse...
11/02/2026

Rappel Save the Date! 🗓️ Mëttwoch, den 18. Februar 2026 vun 09:30h bis 16:30h.

Komm an den Belval Plaza bei d' Infobourse für Jonker an Elteren! 🎉

Mir vun der ATVA freeën eis, iech op eisem Stand n° 21 (op der Passerelle) begréissen ze kënnen, an iwwert d’Méiglechkeeten an der Aarbecht- a Beruffsbegleedung fir Jonker mat spezifesche Besoine ze informéieren. 🌟

Maach de Schrëtt an d' Zukunft – Deng Zukunf, Däi Wee! 🚀

Wat sinn „Dys“-Stéierungen?Weess Du, datt vill Jonker net selwecht léieren?Et gi Jonker, bei deenen d’ Gehier Informatio...
09/02/2026

Wat sinn „Dys“-Stéierungen?

Weess Du, datt vill Jonker net selwecht léieren?

Et gi Jonker, bei deenen d’ Gehier Informatiounen anescht verschafft.

Dat sinn zum Beispill:

• eng Dyslexie → Liesen an d’ Schreiwe falen Dir méi schwéier
• eng Dyskalkulie → Zuele ginn dacks net richteg erkannt a Rechenaufgabe si méi schwéier ze verstoen
• eng Dyspraxie → Schreiwen, mat den Hänn schaffen, oder allgemeng Beweegungen och beim Sport falen Dir méi schwéier.

Wann s Du dovunner betraff bass, kanns Du mat Ënnerstëtzung Deng Schoul erfollegräich ofschléissen.

Bei der ATVA kënne mir Dir dobäi hëllefen, wann s Du scho vun engem Kompetenzzenter betreit gëss, Deng Stäerkten auszebauen, fir Däi Wee an d’ Beruffsliewen ze fannen.

Wat ass Autismus?Autismus heescht, datt d’Gehir vun engem Mënsch e bëssen anescht funktionéiert. Jonk Leit mat Autismus ...
26/01/2026

Wat ass Autismus?

Autismus heescht, datt d’Gehir vun engem Mënsch e bëssen anescht funktionéiert. Jonk Leit mat Autismus erliewen d’Welt dacks vill méi staark. Geräischer kënnen ganz haart sinn, Luuchte ganz hell, a Gefiller ganz intensiv. Heiansdo ass dat flott, mee heiansdo och ustrengend.

Vill Jugendlecher mat Autismus hu gär, wann den Dag ëmmer ongeféier gläich leeft. Dat gëtt hinne Sécherheet. Wann eppes op eemol ännert, kann dat si duercherneebréngen oder stressen.

Si soen dacks genee, wat si denken. Witzer an Ironie si fir si schwéier ze verstoen.

Vill Jonker mat Autismus hu speziell Interessien. Dat kënne Saache sinn ewéi Déieren, Datumer, Technik, Autoen, Zich, Konscht, Musek asw. Si beschäftege sech ganz gär a ganz vill domat, a sinn dacks richteg gutt doranner.

Heiansdo gëtt d’ Welt hinnen ze vill. Da brauche si Rou oder eng Plaz, wou si sech wuel a sécher fillen, fir nees Kraaft ze tanken.

All Mënsch mat Autismus ass anescht. Jiddereen huet aner Stäerkten, Talenter a Gefiller. Autismus ass einfach eng aner Aart d’ Welt ze gesinn. Eng grouss Hëllef si Strukturen a Routinnen am Alldag, virun allem vill Versteesdemech aus hirem Ëmfeld.

D'ATVA hëlleft jonke Mënsche mat Autismus déi vun engem Kompetenzzenter ënnerstëtzt ginn, sech an der Aarbechtswelt ze orientéieren an hir Plaz ze fannen.

Save the Date! 🗓️Dënschdeg, den 18. Februar 2026 vun 09:30h bis 16:30h.Komm an den Belval Plaza bei d' Infobourse für Jo...
21/01/2026

Save the Date! 🗓️

Dënschdeg, den 18. Februar 2026 vun 09:30h bis 16:30h.
Komm an den Belval Plaza bei d' Infobourse für Jonker an Elteren! 🎉

Mir si fir Iech do an informéieren Iech iwwert d’Méiglechkeeten an der Aarbecht a Beruffsbegleedung fir Jonker mat spezifesche Besoine. 🌟

Maach de Schrëtt an d' Zukunft – Deng Zukunf, Däi Wee! 🚀

Adresse

29, Rue Aldringen
Letzeburg
L-1118

Heures d'ouverture

Lundi 08:30 - 12:00
13:30 - 16:30
Mardi 08:30 - 12:00
13:30 - 16:30
Mercredi 08:30 - 12:00
13:30 - 16:30
Jeudi 08:30 - 12:00
13:30 - 16:30
Vendredi 08:30 - 12:00
13:30 - 16:30

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque ATVA - Agence pour la Transition vers une Vie Autonome publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter La Pratique

Envoyer un message à ATVA - Agence pour la Transition vers une Vie Autonome:

Partager

Share on Facebook Share on Twitter Share on LinkedIn
Share on Pinterest Share on Reddit Share via Email
Share on WhatsApp Share on Instagram Share on Telegram