Verbandskëscht

Verbandskëscht 🇱🇺 Aides & soins à domicile au Luxembourg
🏡 Pour mieux vivre chez soi
💛 Infirmiers, aides-soignants, kinés et plus

🇱🇺 Internationalen Dag vun de FraerechterHaut feiere mir net nëmmen e Symbol. Mir ënnersträichen eng Realitéit.Bei der V...
08/03/2026

🇱🇺 Internationalen Dag vun de Fraerechter
Haut feiere mir net nëmmen e Symbol. Mir ënnersträichen eng Realitéit.

Bei der Verbandskëscht:

👩‍⚕️ 79 % vun eiser Ekipp si Fraen.
📊 54 % hunn eng Koordinatiouns- oder Féierungsverantwortung
⚖️ Gläiche Salaire fir gläichwäerteg Funktiounen, garantéiert duerch de Kollektivvertrag.

Si sinn en e feste Bestanddeel vun eiser Organisatioun. 💜

🇫🇷 Journée internationale des droits des femmes

Aujourd’hui, nous ne célébrons pas seulement un symbole. Nous soulignons une réalité.

Chez Verbandskëscht :

👩‍⚕️ 79 % de notre équipe est composée de femmes.
📊 54 % exercent des responsabilités de coordination ou de direction.
⚖️ Égalité salariale à fonction équivalente, garantie par notre convention collective.

Elles font pleinement partie de notre organisation. 💜

🇱🇺 Bass du mat Häerz dobäi?Bei der Verbandskëscht siche mir Leit, déi wierklech eppes bewierke wëllen, an engem Beruff, ...
05/03/2026

🇱🇺 Bass du mat Häerz dobäi?
Bei der Verbandskëscht siche mir Leit, déi wierklech eppes bewierke wëllen, an engem Beruff, wou d'Wäerter zielen.
🕘 8-Stonnen-Dag • Flexibilitéit • Weiderbildung
👉 Eis Offeren: vbk.lu/jobs

🇫🇷 Et si vous faisiez la différence ?
Chez Verbandskëscht, nous recherchons des professionnels, engagés pour des métiers où les valeurs et l’humain comptent.
🕘 Journée de 8h • Équilibre • Formation continue
👉 Offres ici : vbk.lu/jobs

🇱🇺 Welcome aboard!Mir freeën eis, all eis nei Mataarbechter a Mataarbechterinnen ze begréissen, déi rezent un eisem Onbo...
02/03/2026

🇱🇺 Welcome aboard!

Mir freeën eis, all eis nei Mataarbechter a Mataarbechterinnen ze begréissen, déi rezent un eisem Onboarding deelgeholl hunn an d’Verbandskëscht-Ekipp verstäerken.

Mat hire Kompetenzen, hirer Motivatioun an hirem Engagement droen si dozou bäi, datt mir eis Patienten a Familljen och weiderhi mat Qualitéit a Mënschlechkeet begleede kënnen.

Mir wënschen hinnen e flotte Start an eng schéi berufflech Rees bei eis. 💛

Gitt och Dir Deel vun eisem Team
👉 https://vbk.lu/jobs/

🇫🇷 Welcome aboard!

Nous sommes heureux d’accueillir les nouveaux collaborateurs et collaboratrices ayant récemment participé à leur onboarding et qui rejoignent les équipes de Verbandskëscht.

Grâce à leurs compétences, leur motivation et leur engagement, ils contribuent déjà à renforcer nos équipes et à soutenir notre mission auprès des patients et de leurs proches.

Nous leur souhaitons un excellent début de parcours parmi nous. 💛

Rejoignez vous aussi notre équipe
👉 https://vbk.lu/jobs/

🇱🇺 Internationalen Dag vun de rare Krankheeten 🎗️All rar Krankheet ass eenzegaarteg.Hannert all Diagnos steet e Mënsch, ...
28/02/2026

🇱🇺 Internationalen Dag vun de rare Krankheeten 🎗️

All rar Krankheet ass eenzegaarteg.
Hannert all Diagnos steet e Mënsch, eng Famill an en Alldag, dee Verständnis a Begleedung verlaangt.

Bei der Verbandskëscht begleeden eis Ekippen och Persoune mat spezifesche Besoinen, mat enger mënschlecher an individueller Begleedung doheem:
• Fleeg, ugepasst un all Situatioun
• Präsenz an Ënnerstëtzung am Alldag
• Koordinatioun vun den Hëllefe ronderëm d’Persoun
• Nolauschteren an Ënnerstëtzung fir d’Familljen

Well Fleeg heescht och do sinn — wierklech do sinn. 💛

🇫🇷 Journée internationale des maladies rares 🎗️

Chaque maladie rare est unique.
Derrière chaque diagnostic, il y a une personne, une famille et un quotidien qui demande compréhension et accompagnement.

Chez Verbandskëscht, nos équipes accompagnent aussi des personnes vivant avec des besoins spécifiques, avec une approche humaine et personnalisée à domicile :
• soins adaptés à chaque situation
• présence et soutien dans le quotidien
• coordination des aides autour de la personne
• écoute et accompagnement des proches

Parce que prendre soin, c’est aussi être là, vraiment là. 💛

🇱🇺 D’Qualitéit vun eise Servicer fänkt mam Nolauschteren un.Am Kader vun eiser Zefriddenheetsenquête 2025 hunn eis Patie...
25/02/2026

🇱🇺 D’Qualitéit vun eise Servicer fänkt mam Nolauschteren un.

Am Kader vun eiser Zefriddenheetsenquête 2025 hunn eis Patienten eis eng Bewäertung vun 4,43 / 5 ginn.

Dëst Resultat bestätegt d’Vertrauen, dat eis entgéintbruecht gëtt, a stäerkt eis Engagement, eis Servicer kontinuéierlech weiderzëentwéckelen — ëmmer am Interessi vun de Patienten an hire Familljen.

👉 All d’Resultater an d’Methodologie fannt Dir am Artikel
🔗 https://vbk.lu/enquete-satisfaction/

🇫🇷 La qualité de nos services commence par l’écoute de nos patients.

Dans le cadre de notre enquête de satisfaction 2025, les patients nous ont attribué une note moyenne de 4,43 / 5 pour l’accompagnement à domicile.

Ce résultat confirme la confiance qui nous est accordée et renforce notre engagement à améliorer continuellement nos services, dans l’intérêt des patients et de leurs proches.

👉 Retrouvez l’ensemble des résultats et la méthodologie dans l’article
🔗 https://vbk.lu/enquete-satisfaction/

21/02/2026

🇱🇺 Internationalen Dag vun der Mammesprooch
Bei der Verbandskëscht verbënnt eis eng gemeinsam Ausso, gesot an de ville Mammesprooche vun eisen Ekippen :
„Well just doheem ass wierklech doheem.“ 🇷🇴🇱🇺🇪🇸🇬🇧🇹🇷🇩🇪🇷🇸🇫🇷🇲🇦🇵🇹🇮🇹🇨🇻

D’Sprooch ass ausschlaggebend fir ze verstoen a Vertrauen opzebauen. Dofir schwätze mir Är Sprooch, fir Iech perséinlech, respektvoll an opmierksam ze begleeden. 💛

🇫🇷 Journée internationale de la langue maternelle
Chez Verbandskëscht, une même phrase nous unit, exprimée dans les nombreuses langues maternelles de nos équipes :
« Car il n’y a que chez soi que l’on se sent vraiment chez soi. » 🇷🇴🇱🇺🇪🇸🇬🇧🇹🇷🇩🇪🇷🇸🇫🇷🇲🇦🇵🇹🇮🇹🇨🇻

La langue est essentielle pour comprendre et instaurer la confiance. C’est pourquoi nous parlons votre langue, afin de vous accompagner de manière personnalisée, attentive et proche de vous. 💛

17/02/2026

🇱🇺 Bei der Verbandskëscht geet et virun allem ëm de Mënsch 💛

Palliativ Betreiung bedeit net nëmmen déi lescht Liewensphas ze begleeden, mee virun allem eng wäertvoll Liewensqualitéit esou laang wéi méiglech ze erhalen — sief et iwwer Wochen, Méint oder souguer Joren.

Mat Empathie, Professionalitéit an enger staarker multidisziplinärer Ekipp sti mir de Patienten an hire Familljen zur Säit.

🎬 Kuckt de Video a léiert eis Aarbecht besser kennen.

🇫🇷 Chez Verbandskëscht, la personne avant tout 💛

Les soins palliatifs ne se résument pas aux derniers jours de vie. Ils visent avant tout à préserver la qualité de vie aussi longtemps que possible — pendant des semaines, des mois, parfois même des années.

Grâce à une équipe multidisciplinaire engagée, alliant empathie et professionnalisme, nous accompagnons chaque patient ainsi que ses proches avec attention et respect.

🎬 Découvrez notre travail en vidéo.

🇱🇺 E Moment fir sech erëmzefannen.Eis Gala Night war eng wäertvoll Geleeënheet, fir zesummen ze feieren an eis Mataarbec...
09/02/2026

🇱🇺 E Moment fir sech erëmzefannen.

Eis Gala Night war eng wäertvoll Geleeënheet, fir zesummen ze feieren an eis Mataarbechter an de Mëttelpunkt ze stellen. 🤝✨

An enger waarmer a festlecher Atmosphär stoung virun allem d’Unerkennung am Fokus – fir den alldeeglechen Asaz, d’Engagement an d’Mënschlechkeet, mat där eis Ekippen eis Patienten an hir Famillje begleeden.

Esou Momenter vum Zesummesi stäerken den Teamgeescht, de géigesäitege Respekt an d’Wäerter, déi d'Verbandskëscht droen, a schafen eng staark Basis fir déi kommend Erausfuerderungen. 🌟

E grousse Merci u jidderee fir säin Engagement, seng Energie an seng Häerzlechkeet. Zesumme maache mir den Ënnerscheed. 💛😊

🇫🇷 Un moment pour se retrouver

Notre Gala Night a été une occasion précieuse de célébrer ensemble et de mettre nos collaborateurs à l’honneur. 🤝✨

Dans une ambiance chaleureuse et festive, la reconnaissance était au cœur de la soirée – pour l’engagement quotidien, le professionnalisme et l’humanité avec lesquels nos équipes accompagnent nos patients et leurs familles.

Ces moments de partage renforcent l’esprit d’équipe, le respect mutuel et les valeurs qui portent Verbandskëscht, tout en créant une base solide pour relever les défis à venir. 🌟

Un grand merci à chacun pour son implication, son énergie et sa bienveillance. Ensemble, nous faisons la différence. 💛😊

🇱🇺 Welcome aboard!Haut hu mir de grousse Pleséier eis nei Mataarbechter a Mataarbechterinnen ze begréissen! Si kommen ei...
06/02/2026

🇱🇺 Welcome aboard!
Haut hu mir de grousse Pleséier eis nei Mataarbechter a Mataarbechterinnen ze begréissen!
Si kommen eis verschidde Servicer verstäerken an droen ab elo aktiv dozou bäi, datt mir eis Patienten a Familljen all Dag nach besser begleede kënnen.

Mir wënschen hinnen e flotte Start, vill Erfolleg an eng laang, erfëllend Zukunft bei Verbandskëscht. 💛

Gitt och Dir Deel vun eisem Team!

👉 https://vbk.lu/jobs/

🇫🇷 Welcome aboard!
Aujourd’hui, nous avons le grand plaisir d’accueillir nos nouveaux collaborateurs et collaboratrices !
Ils viennent renforcer nos différents services et contribuent désormais activement à nous permettre d’accompagner chaque jour encore mieux nos patients et leurs familles.

Nous leur souhaitons un excellent départ, beaucoup de succès et une longue et épanouissante carrière au sein de Verbandskëscht. 💛

Devenez vous aussi membre de notre équipe !

👉 https://vbk.lu/jobs/

🇱🇺 Mir sinn um RTL Jobdag dobäi!Haut erwaart Iech d’Ekipp vun der Verbandskëscht um RTL Jobdag.Eng flott Geleeënheet, ei...
05/02/2026

🇱🇺 Mir sinn um RTL Jobdag dobäi!

Haut erwaart Iech d’Ekipp vun der Verbandskëscht um RTL Jobdag.
Eng flott Geleeënheet, eis ze begéinen, sech auszetauschen an eis Beruffer besser kennenzeléieren.

Loscht, Deel vun eiser Ekipp ze ginn?
👉 All eis aktuell Offere fannt Dir op: vbk.lu/jobs

Mir freeën eis, Iech kennenzeléieren!

🇫🇷 Nous sommes présents au RTL Jobdag !

Aujourd’hui, l’équipe de Verbandskëscht vous attend au RTL Jobdag.
Une belle occasion de nous rencontrer, d’échanger et de découvrir nos métiers.

Envie de rejoindre notre équipe ?
👉 Toutes nos offres sont disponibles sur : vbk.lu/jobs

Au plaisir de vous rencontrer !

Adresse

5, Rue De Turi
Livange
3317

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Verbandskëscht publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Partager

Share on Facebook Share on Twitter Share on LinkedIn
Share on Pinterest Share on Reddit Share via Email
Share on WhatsApp Share on Instagram Share on Telegram