LetzBeAware

LetzBeAware The First and Only Mental Health Page in Luxembourgish - Letz Smash the Stigma, och zu Lëtzebuerg! Du oder een deens Du kenns brauch psychologesch Hëllef?

Hei ass keen eleng!

New-age Self-Care esou…Wann „u mir selwer schaffen“ zur Ausried gëtt fir d'Verantwortung ofzeginn.
31/01/2026

New-age Self-Care esou…

Wann „u mir selwer schaffen“ zur Ausried gëtt fir d'Verantwortung ofzeginn.

Dëst ass fir ze erklären, net fir ze schockéieren.D'Donkelziffer ass reell. Suizidstatistike sinn net komplett, an dat a...
19/01/2026

Dëst ass fir ze erklären, net fir ze schockéieren.

D'Donkelziffer ass reell. Suizidstatistike sinn net komplett, an dat absichtlech. Net fir ze verharmlosen, mee fir Schued ze vermeiden. Sensationalismus ass geféierlech.

D'Verantwortung läit doran, 𝓌é𝒾 mir iwwer Suizid schwätzen, net doran, d'Zuelen méi haart ze maachen.

Wann iech bewosst ass, wéi wichteg de richtegen Ëmgang mat dësem Thema ass, deelt dëse Post gären. 💚

🧠 Wanns du drop waarts, datt een anere Mënsch däi Wäert erkennt oder dir dat gëtt, wats du brauchs, da gëss du dëser Per...
09/01/2026

🧠 Wanns du drop waarts, datt een anere Mënsch däi Wäert erkennt oder dir dat gëtt, wats du brauchs, da gëss du dëser Persoun d’Muecht iwwert däi Gléck. Déi richteg Verännerung fänkt dann un, wanns du ophäls ronderëm dech ze sichen, an ufänks, dës Persoun fir dech selwer ze sinn.

Du entscheets, wats du wäert bass. Du setz däi Moossstaf, an distanzéiers dech vun allem, wat deem net gerecht gëtt. Net wells du “verbattert” bass, mee wells du verstanen hues, datts du dech net mat manner muss zefridde ginn. ⭐

➡️ Dat ass d'Fräiheet, sech selwer net musse kleng ze maachen. 🍀

❌🎄 Et gëtt kee "richtegen" oder "falsche" Chrëschtdag. Et gëtt nëmmen däin. 🤍Dat wat dir haut gutt deet, ass dat wat zie...
25/12/2025

❌🎄 Et gëtt kee "richtegen" oder "falsche" Chrëschtdag. Et gëtt nëmmen däin. 🤍

Dat wat dir haut gutt deet, ass dat wat zielt. Alles aneres dierf waarden. 🎁

Wanns du dech an engem vun dëse Messagen erëmfonnt hues: Du bass net eleng! 💚W.e.g. deelt dëse Post fir all déi, déi hau...
24/12/2025

Wanns du dech an engem vun dëse Messagen erëmfonnt hues:
Du bass net eleng! 💚

W.e.g. deelt dëse Post fir all déi, déi haut dorun erënnert sollte ginn. 🫂

Ënnerstëtzung muss net onbedéngt ee grousse Geste sinn.Heiansdo geet et schonn duer, ee wichtege Post ze deelen. 💚✨
22/12/2025

Ënnerstëtzung muss net onbedéngt ee grousse Geste sinn.
Heiansdo geet et schonn duer, ee wichtege Post ze deelen. 💚✨

Et gesäit festlech aus.Et fillt sech awer net méi liicht un.Fir vill Leit ass Dezember net besser, just méi üppeg dekoré...
20/12/2025

Et gesäit festlech aus.
Et fillt sech awer net méi liicht un.

Fir vill Leit ass Dezember net besser, just méi üppeg dekoréiert.

~Selwescht Symptomer, aner Deko.~

Wanns du dech heiran erëmfënns: du bass net eleng. 💚

➡ Deelen erlaabt. Schweigen och. 🕯️

Nëmme well keen d’Gewiicht gesäit, heescht dat net, datt et net schwéier ass.Mir jugéiere schnell op Tempo, Motivatioun ...
18/12/2025

Nëmme well keen d’Gewiicht gesäit, heescht dat net, datt et net schwéier ass.

Mir jugéiere schnell op Tempo, Motivatioun oder Effort, mee gesi selten, wat sech hannert de Kulissen ofspillt.

Net jiddweree beweegt sech am selweschten Tempo, well net jiddwereen déi selwescht Laascht ze droen huet.

Vergiess dat net. Weis Versteesdemech.
Du weess ni, wéi vill ee Mënsch grad mat aller Kraaft mat sech ze zéien huet.

D’Feierdeeg brénge vill Freed…mee fir viller och Drock, al Rollen, al Musteren. Do ass et heiansdo besser, Äddi ze soen....
14/12/2025

D’Feierdeeg brénge vill Freed…
mee fir viller och Drock, al Rollen, al Musteren.

Do ass et heiansdo besser, Äddi ze soen.

Vergiess net: Du verléiers keng Leit.
Du verléiers déi Versioun vun dir,
déi sech net wiere konnt.

Wat bleift ass Erkenntnis,
déi dir d'Wourecht bréngt.

Rotschléi kënnen och Schléi sinn: Net all Moment ass de richtege Moment fir eng Lektioun. Wann eng Persoun mental um ënn...
03/12/2025

Rotschléi kënnen och Schléi sinn: Net all Moment ass de richtege Moment fir eng Lektioun. Wann eng Persoun mental um ënnergoen ass (staark Angschtgefiller, schwéier Depressiounen, …), da brauch dës Persoun keng Virträg, Tipps oder Rotschléi.

Si brauchen eng vertrauenswürdeg Präsenz an de Beweis, datt si de Wellen net eleng ausgeliwwert sinn.

Iwwer Bewältegungsstrategien kann een nach ëmmer schwätzen, soubal een erëm feste Buedem ënnert de Féiss huet.

➤ Kuck no denge Matmënschen. Bleif bei hinne sëtzen. Sief de Grond, wisou si bleiwen.

Zwee Sätz, déi een all Dag zerrappen.Dat ass keen Zeeche vu Schwächt. Dat ass just eisen Iwwerliewensmodus.Dat sinn Nout...
24/11/2025

Zwee Sätz, déi een all Dag zerrappen.
Dat ass keen Zeeche vu Schwächt. Dat ass just eisen Iwwerliewensmodus.
Dat sinn Noutsignaler, déi ze oft ignoréiert ginn.

Si mir éierlech: Wéini hu mir decidéiert, datt esou e Liewen “Normalitéit” ass?
A wéini gi mir endlech zou, datt dës Normalitéit krank ass?

💚 Wanns du dat och net méi normal fënns, hannerlooss en Häerz an de Kommentarer.

⤷ Mir soen „et ass okay, net okay ze sinn”, mee nëmme soulaang keen anere sech doru gestéiert fillt.➤ Dat ass kee Verstä...
11/11/2025

⤷ Mir soen „et ass okay, net okay ze sinn”, mee nëmme soulaang keen anere sech doru gestéiert fillt.

➤ Dat ass kee Verständnis, mee Effizienz iwwer Empathie.

Mir schwätze vill iwwer d’Wichtegkeet vu mentaler Gesondheet, bis et wierklech drop ukënnt.

Dann ass op eemol rieds vu “perséinlecher Schwächt”.

❓ Wéi kann een ënnert deenen Ëmstänn hoffen, datt sech eppes ännert?

❓ A wéi soll een als betraffene Mënsch ënnert deenen Ëmstänn gesond ginn?

❗ Wanns du och der Meenung bass, datt de System sech ännere muss, dann hannerlooss en 💚 fir all déi, déi sech nach ëmmer dozou zwéngen ze funktionéieren, obwuel et bal onméiglech ass.

Adresse

Luxembourg

Site Web

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque LetzBeAware publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter La Pratique

Envoyer un message à LetzBeAware:

Partager

Share on Facebook Share on Twitter Share on LinkedIn
Share on Pinterest Share on Reddit Share via Email
Share on WhatsApp Share on Instagram Share on Telegram