Haus um Sand

Haus um Sand Stéphanie Hallé-Fabbri
Doula
••••••••••••••••••••••••••
Gutt begleet vun Ufank un
Schwangerschaft-Gebuert-Wochebett-Elterenzäit Ech si Mamm vun zwee Jongen.

HALLO

ech sinn d'Stéphanie a liewe mat menger Famill zu Sëll. De Kaspar ass 2013 am Gebuertshaus zu Mäerzeg an Däitschland an de Moritz 2015 doheem op d’Welt komm. Duerch déi schéin an erfëllte Gebuerten huet mäi Liewen sech ëm 180 Grad gedréit. Ech sinn doduerjer vill méi a meng eege Kraaft komm a profitéieren haut nach vun deene schéinen Erfarungen, déi ech deemools gemaach hunn. Nieft mengem Beruff als Waldorfspillschoulsjoffer, sinn dunn nei Dieren opgaangen an hu mech ëmmer méi déif fir d'Theme Kannerwonsch, Schwangerschaft, Gebuert an Elterenzäit interesséiert, bis ech no an no Ausbildungen a Formatiounen an deene Beräicher gemaach hu fir ganzheetlech Berodungen, Coursen, Workshoppen a Ritualer ronderëm d'Familljeliewen ubidden ze kënnen. 2016 huet meng Rees an d'Selbstännegkeet ugefaang a bereien net dee Schratt an d'Ongewëssheet gewot ze hunn. Ech hoffen, dass ech nach vill Joren als Doula wierken kann, esou datt zukünfteg Elteren, Familljen a Fraen sech verstanen a gutt opgehuewen fillen. Eng vu menge Passiounen ass, zukünfteg Elteren, Familljen a Fraen duerch hir besonnesch Liewensiwwergäng ze guidéieren an se beschtméiglechst virzebereeden, sou datt se méi sécher a gebuergen duerch hir Phase goe kënnen. Liewensiwwergäng brénge Verännerunge mat sech a kënnen intensiv Gefiller an Onsécherheet ausléisen. Ech invitéieren d’Leit, sech méi mat hirer Essenz ze connectéieren a bewosst Ressourcen opzebauen, déi hinnen an usprochsvolle Momenter Halt ginn. Mat Hëllef vu Ressourcen a Ritualer kënnen Iwwergäng net nëmme méi douce verlafen, mee si bidden och d’Geleeënheet, sech weiderzeentwéckelen an nach méi a seng eege Kraaft ze kommen.

Kannerwonsch, Schwangerschaft, Gebuert, Wochebett an Elterenzäit sinn déi Iwwergäng op déi ech mech spezialiséiert hunn. Ech bidden ënner anerem och Fraekreesser fir Fraen un, déi sech méi bewosst mat hirer Weiblechkeet auserneesetze wëllen. Ech bidden souzesoen eng net-medezinesch Begleedung un, déi sech ganz gutt mat de Gesondheetsberuffer kombinéiere léist.

​​Ech ënnerstëtzen och Elteren, déi vill Froe ronderëm d'Begleedung vun hirem Kand oder hire Kanner hunn. Ech bidde bindungs- a bedierfnisorientéiert Berodungen, Eltere-Kand-Coursen, Workshoppen a Ritualer un, fir datt si hirt Kand besser verstinn, méi op d'Bedierfnisser agoe kënnen a Ressourcen hunn, fir mat usprochsvolle Momenter ëmgoen ze kënnen. Meng Aarbecht baséiert op der Theorie vum "Attachment Parenting", déi dem haitege Kenntnisstand vun der Entwécklungs- a Gehierfuerschung entsprécht.

Ech leeë ënner anerem vill Wäert op Präventioun a Resilienz, well ech d'Wuelbefanne vu menger Clientèle stäerken wëll an hinnen hëllefe wëll méi selbstbestëmmt duerch déi verschidden Etappe vum Liewe goen ze kënnen.

Firwat den Numm "Haus um Sand"? Ier am September 2017 “Haus um Sand” gegrënnt ginn ass, hunn ech verzweiwelt no engem Numm gesicht. Näischt war gutt genuch bis ech eist Haus mam Stroossennumm kombinéiert hunn. Sou ass “Haus um Sand” entstanen. Ganz einfach!

07/03/2026
MËTTWOCHAn der Mëtt vun dëser Woch war nees vill lass am Haus um Sand. De Moien hunn d’Kanner am Waldorfspillgrupp mat v...
04/03/2026

MËTTWOCH

An der Mëtt vun dëser Woch war nees vill lass am Haus um Sand. De Moien hunn d’Kanner am Waldorfspillgrupp mat vill Entdeckungsfreed de neien Joreszäitendësch bewonnert. Wärend si sech am Fräispill verdéift hunn, haten d’Mammen Zäit Schnéigläckelcher ze bastelen.

Uschléissend koum eng Koppel mat hirem zweeméint aale Bëbee laanscht an hunn mat vill Freed vun hirer wonnerschéiner an erfëlltener Hausgebuert erzielt. Haut versteet si vill méi, wat genee bei hirer éischter Gebuert an der Maternité schief gelaf ass an ass ëm sou méi dankbar, dës Kéier esou eng kraaftvoll a positiv Erfarung an hirem eegene Doheem konnte maachen.

Et beréiert mech ëmmer erëm ze gesinn, wa “Meng selbstbestëmmte Gebuert“ Familljen eppes mat op de Wee ginn an hinnen hëlleft, mat méi Vertrauen a méi Kraaft an dës grouss Liewenserfarung eran ze goen.

Zum Ofschloss vum Nomëtteg koum nach eng Koppel an de „BellyBasics“. Zesumme hu mir iwwer déi wichteg Transitioun vun der Gebuert an d’Wochenbett geschwat, eng Zäit vum Ukomen, vum Kenneléiere an och vum bewosste Zesummewuessen als nei Famill.

Et war erëm eng vun deene Deeg, wou vill Begéignungen, Gespréicher a kleng Momenter d’Haus um Sand mat Liewen gefëllt hunn 🥰

E kléngen Abléck a méng Kreesser:

RTL “MÄI WEE”ESTHER ARENDTGëschter gouf op “RTL Lëtzebuerg” d’Reportage „Mäi Wee“ diffuséiert, eng Emissioun, déi Mënsch...
03/03/2026

RTL “MÄI WEE”
ESTHER ARENDT

Gëschter gouf op “RTL Lëtzebuerg” d’Reportage „Mäi Wee“ diffuséiert, eng Emissioun, déi Mënschen an hir ganz perséinlech Liewensweeër an de Fokus setzt.

D’Esther, eng Mamm, déi ech wärend hirer Schwangerschaft an och bei der Gebuert begleed hunn, huet sech fir e Wee entscheet, deen net dem klassesche Bild vun enger Koppel entsprécht. Ier si Kanner kritt huet, huet si sech ganz kloer an aus voller Iwwerzeegung dozou decidéiert, eng Famill ze grënnen, ouni Partner.

D’Esther geet ganz oppen mat hirem Choix ëm. Si weist kloer, datt Famill net ëmmer an e fest Schema passt an datt konventionell Modeller net fir all Liewenswee geduecht sinn.

Hiren eegene Wee huet si dozou beweegt, d’Associatioun “SMBC – Single Moms by Choice Lëtzebuerg” ze grënnen fir aner Fraen z’encouragéieren, Informatiounen ze deelen an d’Ëffentlechkeet fir dëst Thema ze sensibiliséieren.

All Mënsch huet d’Recht, säin eegene Wee ze goen, ouni mussen sech ze rechtfäerdegen an ouni mussen sech ze verstoppen.

An der Reportage kritt een iwwregens och am Ufank e klengen, intimen Abléck a mäi Raum. Ech hunn hir eng douce Rebozo-Massage gemaach an uschléissend eng Dramrees an de Bauch bei hire Bëbee fir eng schéin Bindung opbauen a stäerken ze kënnen 💞

Merci, léift Esther, fir déi wäertvoll Momenter, déi ech mat dir an denge Kanner deele duerft. Dir wäert fir ëmmer eng ganz besonnesch Plaz a mengem Häerz behalen. Ech wënschen iech eng onvergiesslech Aventure um anere Kontinent an alles Guddes op ärem eenzegaartege Wee 💐

(Ech deele keng Links, well d’Reechwäit soss gläich null ass. D’Emissioun “Mäi Wee” fënns du op RTL Lëtzebuerg)

01/03/2026
Einfach nëmmen do setzen a kucken. Eng vu méngen Liblingsbeschäftegungen. Eng schéin Plaz bei eis zu Sëll 😍
01/03/2026

Einfach nëmmen do setzen a kucken. Eng vu méngen Liblingsbeschäftegungen. Eng schéin Plaz bei eis zu Sëll 😍

NEI COURSEN A WORKSHOPPENSINN ONLINE A lass geet et an déi nächst Ronn. Dech informéieren a buchen kanns du dech ganz ei...
23/02/2026

NEI COURSEN A WORKSHOPPEN
SINN ONLINE

A lass geet et an déi nächst Ronn. Dech informéieren a buchen kanns du dech ganz einfach iwwert dës Säit:

https://kikudoo.com/stephanie-fabbri

Fir zukünfteg Elteren an Elteren, Fraen a Mammen:

-Meng selbstbestëmmte Gebuert
-BellyBasics
-MamiZen
-Rebozo
-Gesëschtercours
-Mother’s Blessing

Fir Elteren, Bëbeeën a kleng Kanner:

-Bëbeesmassage
-BabySteps
-Bräi/Bräifräi
-ZiZaZappel
-Schlofberodung no 1001 kindernacht

Fir Fraen a Mammen:

-Fraekreesser
-Rebozo Schließungsritual

Nieft menger Aarbecht als Doula ënnerstëtzen ech dech och duerch bindungs- a bedierfnisorientéiert Berodungen, Coursen a Workshoppen ronderëm d'Familljeliewen. Meng Aarbecht baséiert op der Theorie vum "Attachment Parenting", déi dem haitege Kenntnisstand vun der Entwécklungs- a Gehierfuerschung entsprécht.

Ech begleeden dech mat engem preventiven a ressourcenorientéierte Bléck op deng ganz perséinlech Liewensrees. Mäin Zil ass, dech dobäi z’ënnerstëtzen, mat méi Vertrauen an Selbstbestëmmung duerch déi verschidde Phase vun dengem Liewen ze goen, virun allem duerch déi Momenter, déi besonnesch vill Kraaft, Rou an emotional Stabilitéit erfuerderen.
​​
Ech bidden eng net-medezinesch an net-therapeutesch Begleedung un, déi sech ganz gutt mat de Gesondheetsberuffer kombinéiere léist an als wäertvoll Ergänzung zu hirer Aarbecht déngt.

21/02/2026

SKIVAKANZ
WALDORFSCHOUL

Mir waren dës Woch mat 44 Waldorfschüler:innen an d’Skivakanz an hat mech gemellt fir ze hëllefen.

Mir waren zu 9 Moniteuren an eis Aufgab war iwwerall eng Hand mat unzepaken, ze begleeden an de Kanner entweder Ski oder Snowboard bäizebréngen. Et war eng grouss Erausfuerderung, well mir wierklech am vollen Asaz waren, vu moies bis owes, mee et huet mega vill Spaass gemaach.

Besonnesch schéin war et e puer Schüler:innen Snowboard bäizebréngen, hir Progressiounen ze gesinn an awer och mat deenen, déi super gutt Ski a Snowboard fuere kënnen, d’Bierger erofzefetzen.

Ech hu scho laang net méi esou vill Schnéi op engem Koup gesinn a sou vill Zäit am Déifschnéi verbruecht. An och wann d’Wieder eis heiansdo e Stréch duerch d’Rechnung gemaach huet, goufen ëmmer flott Aktivitéiten ugebueden.

Et huet wierklech all meng Erwaardungen iwwertraff, obwuel et zäiteweis kierperlech gutt ustrengend war.

Ech si sou dankbar, Deel vun esou enger super Equipe gewiescht ze sinn an ze gesinn, wéi gutt d’Schüler matgemaach hunn.

Virun allem war et och immens beréierend ze gesinn, wéi Jugendlecher sinn: wéi séier si léieren, wéi vill Courage si hunn, wéi si sech géigesäiteg encouragéieren an zesummewuessen.

Et war eng onvergiesslech Zäit an eng genial Erfarung. Si richteg aus mir erausgewues 🤪😅😂👌

LËTZEBUERGER WORTHaut, de 17. Februar 2026, op engem ganz besonneschen Dag, ass mäi klengen Interview iwwer selbstbestëm...
17/02/2026

LËTZEBUERGER WORT

Haut, de 17. Februar 2026, op engem ganz besonneschen Dag, ass mäi klengen Interview iwwer selbstbestëmmte Gebuerten an der Wort verëffentlecht ginn.

Et ginn ëmmer méi Fraen, déi sech bewosst mat de Themen Schwangerschaft, Gebuert a Wochebett auserneesetzen, fir besser ze verstoen, wat an dëse Phasen geschitt a wat si maache kënnen, fir méi sécher a gebuergen doduerch ze kommen. Vill Frae sichen sech dofir e gudden Dokter/Doktesch, maachen Gebuertsvirbereedung an Nosuerg bei der Hiewan, loossen sech heiansdo och vun enger Doula begleeden an informéieren sech zousätzlech anhand vu Bicher oder op de soziale Medien.

Hei den Artikel dozou:

MAMMEKREESDe Mammekrees zu Diddeléng mam  fënnt 1x de Mount zu Diddeléng statt. Haut war et nees ganz schéin a freeën ei...
30/01/2026

MAMMEKREES

De Mammekrees zu Diddeléng mam fënnt 1x de Mount zu Diddeléng statt. Haut war et nees ganz schéin a freeën eis op deen nächste Krees mat vläicht nach méi Mammen, déi sech iwwer allméiglech Themen austausche wëllen.

Adresse

7, Um Sand
Luxembourg

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Haus um Sand publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Partager

Share on Facebook Share on Twitter Share on LinkedIn
Share on Pinterest Share on Reddit Share via Email
Share on WhatsApp Share on Instagram Share on Telegram