FitAnimalis

FitAnimalis FitAnimalis

03/04/2025
Méng Praxis kruut e neien Numm: Fitanimalis Deen steet fir een, weidere grousse Schrëtt an Richtung ganzheetlech, komple...
08/11/2021

Méng Praxis kruut e neien Numm:

Fitanimalis

Deen steet fir een, weidere grousse Schrëtt an Richtung ganzheetlech, komplementarmedizinesch Betreiung vun Ärem Hausdéier, wou ech elo niewent naturheilkundlech Berodung fir Déieren an Fudderberodung och Déierenphysiotherapie ubieden wärt .

Schéin Krëschtdeeg an e gudde Rutsch an e bessert neit Joër !Ech sinn och 2021 do vir ären Déieren ze hëllefen  als Tier...
23/12/2020

Schéin Krëschtdeeg an e gudde Rutsch an e bessert neit Joër !
Ech sinn och 2021 do vir ären Déieren ze hëllefen als Tierheilpraktiker , Ernährungsberoder an och ,wann alles richtig leeft ,ab Mëtt vum Joër als Déieren-Physiotherapeut.

Haut proposéieren ech Iech virraussiichtlech mäin läschten Fitness-Tipp, well ech an nächster Zäit un neien Projeten sch...
26/04/2020

Haut proposéieren ech Iech virraussiichtlech mäin läschten Fitness-Tipp, well ech an nächster Zäit un neien Projeten schaffen wärt.

Fir schons e bëssen ze verroden, wann ech méng Ausbildung zum Fitnesstrainer elo an den nächsten Wochen wärt oofgeschloss hun, an dono déi vum Déierenphysiotherapeuth🐾,
haat ech geplangt vun der Rentrée am September un als

Alternativ zu deen normalen Hondssportaarten, fir déi nët oder nët méi esou fit Muppen (sief et durch den Alter oder durch gesondheetlech Problemer)
Honds-Fitness am Grupp oder an Eenzelstonnen
An Degility unzebidden. 🐕🐕‍🦺

Ausserdem wollt ech mäin Sortiment un natiirlichen Produiten fir Déieren wéi Seefen, Mëttel géint Zecken, Fléi an Grasmilben souwéi och Zubehör fir Hond a Katz zum Thema Ernährung (Fudderbäll, Schnuffeltëppecher, Schosselen,…) an méngem Shop vergréisseren.

Bei Froen kënnt der mir gären ob den 661 77 17 16 schreiwen.


Lo zur Fitnessübung :

Patten obhiewen

Dëst ass eng Isometresch Übung, daat heescht eng Übung fir d‘ Muskelen ouni d‘ Gelenker ze belaaschten (an dofir och gutt fir eeler Muppen), ausserdem gëtt dem Hond säin Gläichgewiicht trainéiert .

• Loost den Hond sech stellen
• Knéit Iech niewent den Hond
• Berouecht Aeren Hond datt en nët erféiert
• Paakt ganz douce séng viischt riets Patt un
• Hiewt séng Patt eng Handbreet héich an d’Luucht
• Haalt dës Positioun während 3 sec
• Sëtzt d‘ Patt erëm oof
• Belount den Hond
• Maacht daat selwecht noeneen matt séngen aneren Patten

Wann den Hond sech nët wuelfillt wann der séng Patten upaakt, übt daat lues a lues andeems der d’Patten just beréiert an direkt belount.
Refuséiert den Hond d’Aufgaab, probéiert no e puer Deeg nach eng Kéier, wann en dann nach ëmmer nët wëll kann ët sin datt heen wéi huet, dann wir ët wichtech den Vétérinär eng Kéier kucken ze lossen.

20/04/2020

Sitz-Steh-Übung

Bei dëser Übung ass et ganz wichteg dass den Hond richtig sëtzt (riicht virdrun - nët schief ob enger Haam, d’Patten ënnert sech -nët ob der Säit raus)

Dës Übung trainéiert déi hënnescht Leef an den ënneschten Deel vum Réck


• Losst den Hond virun Iech oofsetzen
• Haalt ëm een Leckerchen virun d’Nues
• Zidd den Leckerchen zu Iech hin
• Den Hond soll vum Sitz an den Steh kommen
• Belount den Hond
• Den Hond soll lo ërem an den Sitz kommen

Maacht dës Übung 2-3 mol.

D’Ziel ass, dass den Hond d’Übung durchféiert ouni déi viischt Patten ze bewegen.

Passend zu Ouschteren, wollt ech Iech haut eng aner Aart vu Beschäftigung fir Ären Mupp viirstellen  Ouschtersich🐰 • Hue...
11/04/2020

Passend zu Ouschteren, wollt ech Iech haut eng aner Aart vu Beschäftigung fir Ären Mupp viirstellen


Ouschtersich🐰

• Huelt eng Spillsaach vun ärem Hond (oder een aneren Géigenstand)
• Losst den Hond sech ofsetzen
• Haalt dem Hond d’Spillsaach dohinn datt en drun riche kann
• Belount säin Interessen matt engem Leckerchen
• Gidd e puer Schrëtt vum Hond ewech an leet séng Spillsaach ob den Buedem
• Gidd bei den Hond zreck
• Scheckt den Hond matt engem speziellen Wuert (Z.B Sich, Bréng …) bei d Spillsaach
• Den Hond soll Iech d’Spillsaach bréngen, dann gidd em een Leckerchen
• Losst den Hond sech erëm ofsetzen an widderhuelt daat e puer Mol

• Wann den Hond verstaan huet, ëm waat et geet kennt Dir den Oofstand zur Spillsaach lues a lues vergréisseren
• Klappt daat ganz gutt kënnt Dir d’Spillsaach ausserhalb vum Hond sénger Siicht verstoppen an heen ob d’Sich schécken


• No an no kann een d’Spillsaach méi komplizéiert verstoppen an den Hond soll se sichen an erëmbréngen, an dann säin Leckerchen kréien


Wann den Hond irgendwann nët méi eenz gëtt an nët méi weess waat en soll man, fänkt einfach erëm beim éischten Schratt un fir d’Übung erëm nei obzebauen an ze festigen.

Ech wënschen Iech an ärer Famill schéin Ouschteren an vill Spass matt ärem Mupp.
Bleift gesond

Béa Weintzen
Tierheilpraxis-Weintzen.lu

Cavaletti iwwert d’Been Dës Übung trainéiert d’Beweeglechkeet an d’Muskulatur vun den 4 Patten.Durch lues a bewosst durc...
07/04/2020

Cavaletti iwwert d’Been

Dës Übung trainéiert d’Beweeglechkeet an d’Muskulatur vun den 4 Patten.
Durch lues a bewosst durchgefouert Beweegungen gëtt d’Koordinatioun an e gesonden Beweegungsoflaaf vum ganzen Kierper gefördert.

• Setzt Iech ob en rutschfesten Ennergrond (Tapis) ob den Buedem
• Maacht d’Been eng Hondslängt wäit auserneen
• Huelt den Hond ob Aer lénk Säit
• Haalt dem Hond e Leckerchen virun d’Nues
• Lackelt den Hond mam Leckerchen no riets iwwert d’Been
• Den Hond soll ganz lues a bewosst matt séngen Patten eng no där anerer eenzel iwwert äer Been klammen
• Wann den Hond ganz Iwwert d’Been driwwer ass, belount en
• Maacht déi selwëcht Übung vun riets no lenks

Maacht dës Übung 2x pro Säit, och wann ët nët esou ausgesäit ass ët eng ganz ustrengend Übung fir den ganzen Kierper.

Et ass ganz wichteg dass den Hond lues a bewosst séng Patten eenzel iwwert d’Been setzt, nëmmen esou schaffen all séng Muskelen.

Yoga2. DeelKapp bei d’Broscht• Loost den Hond sech niewent Iech stellen• Haalt ëm een Leckerchen virun d’Nues• Fuert mam...
01/04/2020

Yoga

2. Deel

Kapp bei d’Broscht
• Loost den Hond sech niewent Iech stellen
• Haalt ëm een Leckerchen virun d’Nues
• Fuert mam Leckerchen roof Richtung Broscht
• Den Hond soll säin Kënn roof ob d Broscht leen

Wann den Hond daat kann, kënnt den nächsten Schratt

• Haalt den Leckerchen lo ënnert dem Bauch vum Hond tëschend séng viischt Patten
• Den Hond soll säin Kapp roof ob d’Broscht lëen an dann weider méi déif tëchend séng Patten kucken
• Haalt dës Positioun fir 2 sek an losst den Hond um Leckerli richen
• Dann féiert den Kapp rëm lues mam Leckerchen an d’Ausgangspositioun
• Gitt dem Hond den Leckerchen

Der kënnt och eng Futtertube fir dës Übung huelen, dann kann den Hond drun lecken waat ëm et méi einfach mëcht den Kapp tëschend séng viischt Patten ze strecken.

Adresse

24, Rue Du Village
Luxembourg
8813

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque FitAnimalis publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Partager

Share on Facebook Share on Twitter Share on LinkedIn
Share on Pinterest Share on Reddit Share via Email
Share on WhatsApp Share on Instagram Share on Telegram

Type