Archives de la Ville de Luxembourg

Archives de la Ville de Luxembourg Vous pourrez dorénavant découvrir ici chaque dimanche un nouveau document de notre banque de donn?

🇱🇺 Leschte Mëttwoch hate mir d'Pleséier Studente vun der Uni.lu an eisem Dépôt ze empfänken an hinnen eng kleng Visite  ...
13/03/2026

🇱🇺 Leschte Mëttwoch hate mir d'Pleséier Studente vun der Uni.lu an eisem Dépôt ze empfänken an hinnen eng kleng Visite zum Thema Bouneweg an den 1920er an 1930er Joren ze maachen. Zu dëser Occasioun konnte mir hinnen eng Réi Pläng aus där Zäit weisen, op deenen d'Evolutioune vu Bouneweg gutt siichtbar waren. Hei fannt Dir eng kleng Selektioun dozou.

🇫🇷 Mercredi dernier, nous avons eu le plaisir d’accueillir des étudiants en histoire de l’Université de Luxembourg pour une visite autour de l’histoire et de la géographie de Bonnevoie durant l’entre-deux-guerres.
À cette occasion, nous leur avons présenté une série de plans d’époque illustrant l’évolution du quartier. Nous sommes heureux de partager avec vous une petite sélection de ces documents historiques.

🇬🇧 Last Wednesday, we had the pleasure of welcoming history students from the University of Luxembourg for a tour focusing on the history and geography of Bonnevoie during the interwar period.
On this occasion, we presented them with a series of period maps illustrating the evolution of the neighborhood. We are pleased to share with you a small selection of these historical documents.

🇱🇺 Integratioun vun den dafstomme Matbewunner?Am Joer 1821, war d'Educatioun vun dafstomme Persounen nach a senge Kanner...
06/03/2026

🇱🇺 Integratioun vun den dafstomme Matbewunner?

Am Joer 1821, war d'Educatioun vun dafstomme Persounen nach a senge Kannerschong. De Gouverneur Willmar huet deemools eng Circulaire duerch d'Lëtzebuerger Gemenge geschéckt, fir dass déi him eng Lëscht vun dafstomme Bierger sollten erstellen. Zu Léck hat nämlech de Jean-Baptiste Pouplin eng Schoul gegrënnt, fir dëse Persounen eng Educatioun ze erméiglechen. Hei hunn se nieft dem Liesen, dem Rechnen an der Zeechesprooch, och eng Ausbildung zu engem Beruff krut. Donieft goufen natierlech och Spende gesammelt, fir d'Schoul an den Ënnerhalt vun de Schüler ze finanzéieren.

🇫🇷 Des efforts d’intégration ?

En 1821, l’instruction des personnes sourdes en est encore à ses balbutiements. Le gouverneur Willmar fait publier une circulaire demandant aux communes du Grand-Duché de Luxembourg de faire une liste des personnes sourdes (ou « sourds-muets » comme on disait alors) qui pourraient bénéficier d’une éducation dans l’institution ouverte à Liège par Jean-Baptiste Pouplin. Les jeunes sourds peuvent alors apprendre à lire et compter et être formés à un métier. Ils y apprendront aussi à signer[JF1.1]. Une souscription est également ouverte afin de collecter les fonds nécessaires au fonctionnement de l’école et à l’entretien des élèves.

🇬🇧 Integrating deaf people

In 1821, as education for deaf people was still in its infancy, Governor Willmar published a circular asking the municipalities of the Grand Duchy of Luxembourg to draw up a list of deaf people (or “deaf-mute” as they were then called) who could benefit from an education at the institution Jean-Baptiste Pouplin had recently opened in Liège. Young deaf people could then learn to read and count and be trained in a trade. They would also learn sign language. A subscription was also opened to collect the funds needed to run the school and support the students.

🇱🇺

🇱🇺 D'Bréckemillen am GronnAm Joer 1859 freet d'Mëllerin Sophie Philippe-Laval fir hir Millen am Gronn hannert der Bréck ...
27/02/2026

🇱🇺 D'Bréckemillen am Gronn

Am Joer 1859 freet d'Mëllerin Sophie Philippe-Laval fir hir Millen am Gronn hannert der Bréck ëmzebauen. Si wëll ënnert anerem hir méi wéi 45 Meter laang Staumauer réaménagéieren, wat kritesch ka si fir aner Mëller mee awer och generell fir d'Awunner am Gronn. Dofir sinn d'Conditioune vun der Administratioun ganz kloer, d'Staumauer muss z.B. an der Héicht 0,421 Meter ënnert der hënneschter Dir vum Haus vun der Famill Dell léien an 1,09 Meter ënnert der Kellerfënster vum Haus Bellion.

🇫🇷 Le moulin du pont au Grund

En 1859, la meunière Sophie Philippe-Laval demande à faire des modifications majeures sur son moulin au Grund, qui se situe immédiatement derrière le pont. Elle veut entre autres réaménager le barrage, ce qui peut s’avérer critique pour les autres meuniers mais aussi pour le risque d’inondations. Les consignes qu’elle reçoit pour son déversoir de plus de 45 m de long sont très claires : la hauteur maximale de sa couronne doit se situer à 0,421 m en contrebas de la porte d’entrée derrière la maison Dell et à 1,09 m sous la fenêtre de la cave de la maison Bellion.

🇬🇧 The Grund Bridge Mill

In 1859, miller Sophie Philippe-Laval requested major modifications to her mill at Grund, located immediately behind the bridge. Among other things, she wanted to redesign the dam, which could prove critical for other millers but also pose a flood risk. The instructions she received for her 45-meter-long spillway were very clear: the maximum height of its crest had to be 0.421 meters below the entrance door behind the Dell house and 1.09 meters below the window of the Bellion house.

🇱🇺 🇱🇺

🇱🇺 D’Hollerecher Schluechthaus – Virreider beim KillenEnn 1902 well Hollerech op den nämmlechte Wee goe wéi d’Stad Lëtze...
20/02/2026

🇱🇺 D’Hollerecher Schluechthaus – Virreider beim Killen

Enn 1902 well Hollerech op den nämmlechte Wee goe wéi d’Stad Lëtzebuerg, d’Gemeng well sech e modernt Schluechthaus bauen. D’Pläng gi vum Architekt G. Traus gezeechent. Et sollt ab 1909 dat éischt Schluechthaus am Land ginn, mat engem Killsystem. Duerch d’Keelt konnt d’Fleesch mei laang erhale bleiwen a vill Metzler aus der Stad wollten dovu profitéieren. Si hunn ugefaangen sech Plazen an de Killraim ze lounen, an hunn esou, lues a lues dem Stater Schluechthaus am Pafendall de Réck gedréint.

🇫🇷 L’abattoir de Hollerich - quand la modernité entre en chambre froide

En 1902, la commune de Hollerich suit l’exemple de Luxembourg et se dote d’un abattoir municipal moderne. Les plans sont dessinés par l’architecte G. Traus. Il s’agit du premier abattoir du pays à bénéficier d’une installation frigorifique dès 1909, permettant ainsi une meilleure conservation de la viande. De nombreux bouchers de la capitale souhaitant désormais profiter de cet avantage, ont d’abord loué des emplacements dans l’installation pour se détourner progressivement de l’abattoir de Luxembourg au profit de celui de Hollerich.

🇬🇧 The Hollerich slaughterhouse - a pioneer in cooling technology
In 1902, the municipality of Hollerich followed Luxembourg's example and built a modern municipal slaughterhouse. The plans were drawn up by architect G. Traus. It was the first slaughterhouse in the country to benefit from refrigeration facilities in 1909, allowing for better preservation of meat. Many butchers in the capital, wishing to take advantage of this, initially rented space in the facility and gradually moved away from the Luxembourg slaughterhouse in favour of the one in Hollerich.

🇱🇺

🇱🇺 Keng Fuesent am Blocus?Enn Februar 1795 befënnt sech d'Stad Lëtzebuerg zum Schluss vun hirem 3. Mount am Blocus. D'Fr...
13/02/2026

🇱🇺 Keng Fuesent am Blocus?

Enn Februar 1795 befënnt sech d'Stad Lëtzebuerg zum Schluss vun hirem 3. Mount am Blocus. D'Franséisch revolutionär Truppen hunn d'Stad Lëtzebuerg ganz agekesselt an d'Isolatioun trëfft d'Awunner, wéi d'Zaldoten vun der Garnisoun, zimmlech haart.

Trotz der Situatioun, kënnt zu Oueren dass Verschiddener Fuesent wëlle féieren. Dëst eckt nawell ferm beim Stadriichter a bei senge Schäffen un, mat dëser Veruerdnung verbidden si d'Verkleeden an d'Maskéieren, esouwuel bei Dag, wéi bei Nuecht.

🇫🇷 Pas de carnaval en plein blocus?

Fin février 1795, la ville de Luxembourg achève son troisième mois de blocus. L’isolement pèse sur les habitants comme sur les soldats, encerclées par les troupes révolutionnaires françaises.
Malgré la situation, certains s’apprêtent à fêter le carnaval, ce qui offusque le justicier et ses échevins. Par cette ordonnance, ils interdisent aux habitants de se masquer et de se déguiser, de jour comme de nuit.

🇬🇧 No carnival during the blockade?

At the end of February 1795, the city of Luxembourg was entering its third month of blockade. The isolation weighed heavily on both the inhabitants and the soldiers, surrounded by French revolutionary troops.
Despite the situation, some people were preparing to celebrate carnival, which offended the magistrate and his aldermen. With this ordinance, they prohibited the inhabitants from wearing masks and costumes, day or night.

🇱🇺

🇱🇺 Wat mécht ee mat 2000 Schof am Joer 1794 an enger klenger Stad wéi Lëtzebuerg?D'Franséisch Revolutionär hunn am Novem...
06/02/2026

🇱🇺 Wat mécht ee mat 2000 Schof am Joer 1794 an enger klenger Stad wéi Lëtzebuerg?

D'Franséisch Revolutionär hunn am November 1794 ugefaangen, e Blocus ronderëm d'Stad opzebauen, eng Stad déi komplett isoléiert war. Et war déi lescht éisträichesch Festung op der lénker Säit vum Rhäin.
Säit Méint huet de Baron von Schröder, Generalleutnant ënnert den Habsburger, probéiert d'Stad op eng Belagerung ze präparéieren. Dëst war keng einfach Aufgab an enger Stad mat 8000-9000 Awunner an nach mei Zaldoten. Nieft Kären, Salz an Holz, hat d'Garnisoun och 2000 Schof an d'Festung bruecht. De von Schröder misst dës elo ënnerbréngen, nodeems d'Ställ déi dofir virgesi waren, fir d'Päerd vun der Kavallerie genotzt goufen.

🇫🇷 Que fait-on avec 2 000 moutons en 1794 dans une petite ville comme Luxembourg ?

Les révolutionnaires français érigent alors un blocus autour de cette ville isolée, dernière forteresse autrichienne sur la rive gauche du Rhin. Depuis des mois, le baron de Schröder, lieutenant général au service des Habsbourg, se prépare à un éventuel siège. Dans une ville comptant entre huit et neuf mille habitants et encore plus de soldats, le ravitaillement est crucial. Outre les grains, le sel ou le bois, la garnison dispose de deux mille moutons, que Schröder cherche à répartir dans la ville, les écuries étant réservées aux chevaux de la cavalerie.

🇬🇧 What do you do with 2,000 sheep in 1794 in a small town like Luxembourg?

The French revolutionaries had laid siege to this isolated town, the last Austrian fortress on the left bank of the Rhine. For months, Baron Schröder, a lieutenant general in the service of the Habsburgs, had been preparing for a possible siege. In a town with between eight and nine thousand inhabitants and even more soldiers, supplies were crucial. In addition to grain, salt and wood, the garrison had two thousand sheep, which Schröder sought to distribute throughout the town, as the stables were reserved for cavalry horses.

🇱🇺

🇱🇺 Gezei fir d’PompjeeënArchive sinn net nëmme Pabeier. Fir d’Uniforme vun de Stater Pompjeeën stellt de Schneider Augus...
30/01/2026

🇱🇺 Gezei fir d’Pompjeeën

Archive sinn net nëmme Pabeier. Fir d’Uniforme vun de Stater Pompjeeën stellt de Schneider Auguste Knaff 1922 Echantillonen aus verschiddenen Stoffer fir. D’Stad Lëtzebuerg huet nämlech am viraus en Opruff bei de lokalen Handwierker gemaach, fir hir Pompjeeën mat Helmer, lieders Mäntel, Boxen aus Toile cirée, Stiwwelen a Schung anzekleeden. Den Auguste Knaff war och un der Sich no Pompjeesschläich bedeelegt.

🇫🇷 Habiller les pompiers

Les archives, ce n’est pas seulement du papier. Ici, Auguste Knaff, drapier et tailleur, présente en 1922, des échantillons de matériaux pour la confection des uniformes des pompiers de la ville. Luxembourg fait appel à des artisans locaux pour se fournir en casques, tenues de ville, vestes en cuir, pantalons en toile cirée, bottes et chaussures. Auguste Knaff se charge également de négocier la fourniture de tuyaux d’incendie.

🇬🇧 Dressing firefighters

Archives are not just paper. Here, Auguste Knaff, draper and tailor, presents samples of materials for making uniforms for the city's firefighters in 1922. Luxembourg called on local craftsmen to supply helmets, street clothes, leather jackets, waxed canvas trousers, boots and shoes. Auguste Knaff was also responsible for negotiating the supply of fire hoses.

🇱🇺 🇱🇺 🇱🇺 🚒

🇱🇺 En historesche Moment Hei déi éischt Gemengerotssëtzung vun der Stad Lëtzebuerg déi vun enger Fra präsidéiert gouf. V...
23/01/2026

🇱🇺 En historesche Moment

Hei déi éischt Gemengerotssëtzung vun der Stad Lëtzebuerg déi vun enger Fra präsidéiert gouf. Vun der eenzeger Fra am deemolege Gemengerot. Mir sinn den 12. Januar 1970 an d'Colette Flesch ass no de Wale vum 12. Oktober 1969 Buergermeeschtesch ginn.

D'Archive vun der Stad Lëtzebuerg denken zréck un eng interesséiert Perséinlechkeet, déi nach laang no hire verschiddenen Mandater als Buergermeeschtesch, Schäffen a Gemengeconseillère, weider an d'Archive komm ass, fir hir Erënnerunge virun engem Interview oder enger Diskussioun ze bestätegen.

🇫🇷 Un moment historique

Voici la première séance du conseil communal de la Ville de Luxembourg présidée par une femme. Elle était alors l’unique femme au sein d’un conseil composé uniquement d’hommes. Nous sommes le 12 janvier 1970 et Colette Flesch est bourgmestre de Luxembourg à la suite des élections du 12 octobre 1969.
Les Archives de la Ville de Luxembourg saluent une personnalité qui, même longtemps après ses mandats de bourgmestre, d’échevine et de conseillère communale, continuait à consulter les sources afin de vérifier ses connaissances avant des interviews ou des échanges publics.

🇬🇧 A historic moment

This was the first meeting of Luxembourg City Council chaired by a woman. She was the only woman on a council composed entirely of men. It was 12 January 1970, and Colette Flesch had been elected Mayor of Luxembourg following the elections of 12 October 1969.
The Archives of the City of Luxembourg pay tribute to a figure who, even long after her terms as mayor, alderwoman and municipal councillor, continued to consult sources in order to verify her knowledge before interviews or public exchanges.

🇱🇺

🇱🇺 D’Vermächtnis vum Eugénie DutreuxDe 15. Dezember 1902 ass d’Eugénie Dutreux verstuerwen. Si huet der Stad Lëtzebuerg ...
16/01/2026

🇱🇺 D’Vermächtnis vum Eugénie Dutreux

De 15. Dezember 1902 ass d’Eugénie Dutreux verstuerwen. Si huet der Stad Lëtzebuerg 200.000 Frang fir d’musikalesch Bildung vermaach. Eng Partie dovun huet d’Stad genotzt fir dem Eugénie Dutreux hiert Haus an der deemoleger Dräifaltegkeetsgaass ze kafen an ze amenagéieren. Den Architekt van Humbeeck gëtt gefrot, aus de Gebailechkeeten eng gemëschte Museksschoul ze bauen. Wéi een hei um Plang gesäit, gëtt awer drop opgepasst dass d’Jongen an d’Meedercher hir eege Säll an hiert eegent Trapenhaus sollte kréien, fir all méigleche Kontakt tëscht den zwee Geschlechter ze ënnerbannen.

🇫🇷 Le legs d’Eugénie Dutreux

Le 15 décembre 1902, Eugénie Dutreux décède. Elle a légué à la ville 200 000 francs pour l’enseignement de la musique. Une partie de cette somme est consacrée à l’achat et l’aménagement de la maison de la défunte, rue de la Trinité. L’architecte van Humbeeck doit concevoir une école mixte. Son projet montre une organisation des salles de façon à attribuer aux jeunes gens et aux jeunes filles des classes propres et des escaliers séparés, pour éviter tout contact entre les élèves de s*xe opposé.

🇬🇧 The legacy of Eugénie Dutreux

On 15 December 1902, Eugénie Dutreux passed away. She bequeathed 200,000 francs to the city for music education. Part of this sum was used to purchase and renovate the deceased's house on Rue de la Trinité. The architect van Humbeeck was commissioned to design a mixed school. His plans showed a layout of rooms designed to give boys and girls their own classrooms and separate staircases, to avoid any contact between pupils of the opposite s*x.

🇱🇺

🇱🇺 Eng schéin Entdeckung !Beim Opschaffe vun engem Fong, gouf dëse Plang an engem Dossier vun der Gemeng Hollerech fonnt...
09/01/2026

🇱🇺 Eng schéin Entdeckung !

Beim Opschaffe vun engem Fong, gouf dëse Plang an engem Dossier vun der Gemeng Hollerech fonnt, verstoppt tëscht Dokumenter iwwert de Bau vu Schäpp an anere Gebaier. Hannen drop ass „1908“ mam Bläistëft vermierkt, den Datum kënne mir awer aktuell nach net confirméieren. Interessant ass awer d’Evolutioun vum Quartier: Märel, Gaasperech an Zéisseng waren nach kleng Dierfer, vum Belair war nach keng riets, mee Hollerech a Bouneweg hu scho konnte vun der Bunn a vun der Industrialiséierung profitéieren.

🇫🇷 Une belle découverte !

Lors du classement d’un fonds, ce plan a été trouvé dissimulé dans une boîte d’archives de la commune de Hollerich, relative à la construction de hangars et d’autres bâtiments. Au verso figure la mention manuscrite « 1908 », sans que cette datation puisse être confirmée avec certitude. Il est toutefois frappant d’observer l’évolution du territoire : Merl, Gasperich et Cessange ne sont encore que de petits villages, Belair n’est pas encore mentionné, tandis que Hollerich et Bonnevoie bénéficient déjà du développement du chemin de fer et de l’industrialisation.

🇬🇧 A wonderful discovery!

While sorting through an fonds, this plan was found hidden in a box belonging to the municipality of Hollerich, relating to the construction of hangars and other buildings. On the back is the handwritten note “1908,” although this date cannot be confirmed with certainty. However, it is striking to observe the evolution of the area: Merl, Gasperich, and Cessange are still only small villages, Belair is not yet mentioned, while Hollerich and Bonnevoie are already benefiting from the development of the railroad and industrialization.

🇱🇺 🇱🇺

🇱🇺 D'Archive vun der Stad Lëtzebuerg wënschen iech schéi Feierdeeg! 🎄🎁⛄🎉 (zum Gléck gesäit et bei eis awer net iwwerall ...
24/12/2025

🇱🇺 D'Archive vun der Stad Lëtzebuerg wënschen iech schéi Feierdeeg! 🎄🎁⛄🎉

(zum Gléck gesäit et bei eis awer net iwwerall esou chaotesch aus ☺️)

🇱🇺

🇱🇺 Am Joer 1688, war Lëtzebuerg vun de Fransouse besat an et huet een sech op eng eventuell Belagerung virbereet. Esou k...
19/12/2025

🇱🇺 Am Joer 1688, war Lëtzebuerg vun de Fransouse besat an et huet een sech op eng eventuell Belagerung virbereet. Esou koum et dann och zu dëser Lëscht mat den « bouches inutiles comme soldats étrangers, mendiants et autres ». Ënnert « autres » konnt ee Fraen oder Wittfrae vun Zaldote fannen, Hiewammen, Handwierker (Steemetzer, Zammermänner, Perruquieren, Schneider...), Kanner, al Leit a generell Persounen déi net fir d'Verdeedegung gebraucht ginn. Mir gesinn hei e flotten Tableau vun der ziviller Bevëlkerung aus der Stad, deels mam Virnumm erwäänt, deels mat mei Detailer.

🇫🇷 En 1688, Luxembourg, alors occupée par les Français, se prépare à l’éventualité d’un siège. En prévision, on prépare une liste de « bouches inutiles comme soldats étrangers, mendiants et autres ». Parmi les « autres », on trouve par exemple des femmes, épouses ou veuves de soldats, des nourrices, des artisans (maçons, charpentiers, perruquiers, tailleurs…), des enfants, des vieillards et globalement une grande partie de la population non combattante. On voit là un tableau de toute la population civile de la ville, parfois décrite par un simple prénom, parfois avec davantage de détails.

🇬🇧 In 1688, Luxembourg, then occupied by the French, was preparing for the possibility of a siege. In anticipation, a list was drawn up of “useless mouths such as foreign soldiers, beggars, and others.” Among the “others” were women, wives or widows of soldiers, nurses, craftsmen (masons, carpenters, wig makers, tailors, etc.), children, the elderly, and generally a large part of the non-combatant population. This provides a picture of the entire civilian population of the city, sometimes described by a simple first name, sometimes in greater detail.

🇱🇺

Adresse

42, Place Guillaume II
Luxembourg
L-2090

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Archives de la Ville de Luxembourg publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter La Pratique

Envoyer un message à Archives de la Ville de Luxembourg:

Partager

Share on Facebook Share on Twitter Share on LinkedIn
Share on Pinterest Share on Reddit Share via Email
Share on WhatsApp Share on Instagram Share on Telegram