CMCM Caisse Médico-Complémentaire Mutualiste
La solidarité et l'aide mutuelle pour toute la famille.

🥾 CMCM-Wanderdag fir jiddereen - et geet geschwë lass!E Sonnden den 3. Mee ass et esou wäit.En Dag am Zeeche vu Gesondhe...
24/04/2026

🥾 CMCM-Wanderdag fir jiddereen - et geet geschwë lass!

E Sonnden den 3. Mee ass et esou wäit.

En Dag am Zeeche vu Gesondheet a Gesellegkeet, wou d’CMCM zesumme mat hire Partner op d’Baggerweieren zu Remerschen invitéiert.

🚶‍♂️ 3 Strecke stinn um Programm:
• 5 km (mam Flumpi) – ideal fir Famillje mat Kanner
• 8 km – fir jiddereen
• 21 km – fir déi méi sportlech

⏰ Start: 7:00-14:00 Auer
⏰ Arrivée: bis spéitstens 17:00 Auer

👉 Entdeck eis Partnerstänn sur Place.

Fir Iessen a Gedrénks ass gesuergt! ☕🍽️

📍 Kuck Dir all d’Detailer an d’Strecken hei un:
https://www.cmcm.lu/de/news/cmcm-wanderdag-fir-jiddereen

Komm laanscht, genéiss d’Natur a vergiess de Stress!🌿

CMCM-Wanderdag fir jiddereen Ein Tag im Zeichen von Gesundheit und Geselligkeit Ziehen Sie Ihre Schuhe an, vergessen Sie den Stress und machen Sie bei dieser ersten Ausgabe mit! Für Essen und Getränke ist gesorgt. Alle Details

24/04/2026

🍽️ Haut am Gesondheets-Vlog hu mir d’Françoise Kinsoen, Dieteticienne am Domaine Thermal zu Mondorf

An dësem Vlog schwätze mir iwwer Grillowender 🔥☀️�
Wéi kann een esou Momenter mat Frënn a Famill genéissen, ouni sech duerno schwéier ze fillen a mat Choixen, déi engem gutt doen?

Et geet net drëm, sech eppes ze verbidden, mee éischter bewosst ze wielen 💡�
🎥 Vun der Quantitéit iwwer d’Zose bis bei d’Gedrénks: d’Françoise deelt praktesch Tipps an Tricks.

🌳 Fréijoer mécht Loscht, d’Natur ze genéissen ☝️ mee opgepasst: an de Grieser a Bëscher laueren d’Zecken. ⚡🧐Wat muss ech...
23/04/2026

🌳 Fréijoer mécht Loscht, d’Natur ze genéissen ☝️ mee opgepasst: an de Grieser a Bëscher laueren d’Zecken. ⚡

🧐Wat muss ech hei wëssen a wei schützen ech mech?

🎥Kuck dir de Video elo un, am neie Gesondheetstipps op RTL fënns de nëtzlech Rotschléi ronderëm dëst Thema:

Fréijoer mécht Loscht an Natur ze goen, ma hei lauert d'Gefor vun Zecken. Wat muss ech hei wëssen a wei schützen ech mech?

📢 Health Talk – Verbindung mat der Natur 🌿💚 D’CMCM invitéiert dech den 5. Mee um 13:00 Auer op hire Health Talk op der C...
20/04/2026

📢 Health Talk – Verbindung mat der Natur 🌿
💚 D’CMCM invitéiert dech den 5. Mee um 13:00 Auer op hire Health Talk op der CMCM > https://experience.cmcm.lu/lb/julie-schadeck-verbindung-mat-der-natur/

Bei dëser Konferenz presentéiert d’Julie Schadeck vun L'Université dans la Nature Luxembourg d’Aarbecht vun hirer Organisatioun a geet enger zentraler Fro op de Grond: Firwat ass et esou wichteg fir eis kierperlech a mental Gesondheet, erëm eng bewosst Verbindung mat der Natur opzebauen?

Wëssenschaftlech Etüde weisen, datt Zäit an der Natur Stress reduzéiere kann, d’Immun­system stäerkt, d’Konzentratioun verbessert an eis emotional Widderstandsfäegkeet fërdert.

Dës Sessioun bitt inspiréierend Ablécker, eng wëssenschaftlech Grondlag a konkret Impulser fir jiddereen, deen sech fir Preventioun, Wuelbefannen an eng nohalteg Gesondheet interesséiert.

📍 Wou: Conference Space bei der CMCM
32–34, rue de Hollerich, Luxembourg-Gare

🕐 Wéini: 5. Mee 2025 um 13:00 Auer
⏱ Dauer: 1 Stonn
🗣 Sprooch: Lëtzebuergesch
👥 Fir jiddereen ab 16 Joer

🎟 Gratis Entrée – Plaze si limitéiert (deen éischten ass vir).
Kommt laanscht a looss dech inspiréieren! 🌿

12/04/2026

⏳ Muer ass et sou wäit! Eis Portes Ouvertes Woch bei der CMCM fänkt muer un! 🎉

Vum 13.04 bis den 17.04 maache mir am Kader vun eisem 70. Gebuertsdag eis Dieren riicht duerch op a freeën eis, Dech bei eis begréissen ze kënnen.

Wat erwaart Dech?
✔ Info-Stand fir all Deng Froen iwwert d’CMCM
✔ Avant-Première vum myCMCM Portal
✔ Visites guidées duerch eist Gebai
✔ Spannend Partnerstänn ronderëm Gesondheet a Präventioun
✔ Eng Konferenz an e Gewënnspill

Komm laanscht, verbréng e flotte Moment mat eis an géi net mat eidelen Hänn Heem. Mir freeën eis op Dech!

📍 CMCM – 32-34, rue de Hollerich, Luxembourg

Dës an nach vill aner Animatiounen wärend de Portes Ouvertes fënns Du hei: https://www.cmcm.lu/fr/nouveautes/semaine-de-la-portes-ouvertes
Fir Iessen a Gedrénks ass gesuergt! 🍽️🥤

11/04/2026

Fir eis Portes Ouvertes huet de Kënschtler Jacques Schneider e speziellt Konschtwierk erstallt: “ENG GROUSS FAMILL”

625 eenzegaarteg Cuben aus recycléiertem Holz, déi zesummen eng staark Symbolik droen – Zesummenhalt a Solidaritéit.

▶️ Kuck Dir de Video un a fann eraus, wat hannert dëser Oeuvre stécht.

🎁 Komm bei eis Portes Ouvertes laanscht a kréi och Du 1 Stéck vun der grousser Famill.

Dës an nach vill aner Animatiounen wärend de Portes Ouvertes fënns Du hei: https://www.cmcm.lu/fr/nouveautes/semaine-de-la-portes-ouvertes
Fir Iessen a Gedrénks ass gesuergt! 🍽️🥤

🤧 Fréijoer heescht dacks, datt nees méi Pollen ënnerwee sinn. 🌼🌿Am neie Gesondheetstipp op RTL geet et ëm d’Thema Pollen...
09/04/2026

🤧 Fréijoer heescht dacks, datt nees méi Pollen ënnerwee sinn. 🌼🌿
Am neie Gesondheetstipp op RTL geet et ëm d’Thema Pollenallergien.

🤔 Wat kann ee maachen, fir manner dovunner betraff ze sinn? Kann een se souguer behandelen?

🎥 Kuck dir de Video elo un a léier méi iwwer déi bescht Virsiichtsmoossname kennen 💡 a villäicht fënns de hei nach deen een oder aneren interessanten Tipp:

Wei kann ee Symptomer frei erkennen an entgéint wierken?

🎉 70 Joer CMCM – 70 gutt Aktiounen! 🎉 Fir eis Portes ouvertes vum 13. bis 17. Abrëll 2026 hu mir flotte Porgramm fir dec...
09/04/2026

🎉 70 Joer CMCM – 70 gutt Aktiounen! 🎉 Fir eis Portes ouvertes vum 13. bis 17. Abrëll 2026 hu mir flotte Porgramm fir dech 👇

👉 Komm bei eis op de Site
👉 Maach beim Gewënnspill mat
👉 A mat e bësse Chance…gees du nët matt eidelen Hänn Heem! 🎁

✔️ Grousst Gewënnspill
✔️ Gratis Cotisatiounen fir bestoend Memberen
✔️ Nei Memberschaften ouni Karenzzäit

📍 Op der Plaz um CMCM Siège
📅 13. – 17. Abrëll 2026

👉 Komm laanscht an erlief vill Animatiounen!
📍 Programmoflaf:

Semaine portes ouvertes – 70 ans de la CMCM À l’occasion de son 70ᵉ anniversaire, la CMCM ouvre ses portes au public pour une semaine spéciale de découvertes, de rencontres et d’animations. Tout au long de la semaine, les visiteurs auront l’occasion de mieux découvrir la CMCM, ses serv...

🍔🌱 Foodtruck bei de Portes OuvertesOch fir d’Iessen ass gesuergt! Wärend eise Portes Ouvertes kanns Du och eppes  Gesond...
07/04/2026

🍔🌱 Foodtruck bei de Portes Ouvertes

Och fir d’Iessen ass gesuergt! Wärend eise Portes Ouvertes kanns Du och eppes Gesondes a Leckeres genéissen.

De Végétatout Food truck ass bei eis op der Plaz:
📅 Méindeg, Dënschdeg a Mëttwoch
🕦 11:30 – 14:30

Hei kriss Du frësch, lecker a kreativ Platen direkt aus dem Foodtruck.

🥤 Natierlech ass och déi ganz Woch fir Gedrénks an eppes fir ze Knabberen gesuergt.

👉 Komm laanscht, genéiss et a profitéier vun eise Portes Ouvertes!

Dës an nach vill aner Animatiounen wärend de Portes Ouvertes fënns Du hei :

Semaine portes ouvertes – 70 ans de la CMCM À l’occasion de son 70ᵉ anniversaire, la CMCM ouvre ses portes au public pour une semaine spéciale de découvertes, de rencontres et d’animations. Tout au long de la semaine, les visiteurs auront l’occasion de mieux découvrir la CMCM, ses serv...

De Weltgesondheetsdag gouf vun der WHO an d'Liewe geruff, fir op wichteg Gesondheetstheemen opmierksam ze maachen.D’Camp...
07/04/2026

De Weltgesondheetsdag gouf vun der WHO an d'Liewe geruff, fir op wichteg Gesondheetstheemen opmierksam ze maachen.

D’Campagne vun dësem Joer steet ënnert dem Motto „Together for health. Stand with science“ a betount, wéi wichteg wëssenschaftlech Erkenntnisser, Zesummenaarbecht an op Recherche baséierend Entscheedunge sinn, fir d’Gesondheet vu Mënschen, Déieren an eiser Ëmwelt ze schützen an nohalteg ze verbesseren 🌍🔬

Eng nohalteg Gesondheet fir jidderee kann nëmmen zesummegestäerkt ginn.

Adresse

32-34, Rue De Hollerich
Luxembourg
1740

Heures d'ouverture

Lundi 08:45 - 11:45
13:00 - 17:00
Mardi 08:45 - 11:45
13:00 - 17:00
Mercredi 08:45 - 11:45
13:00 - 17:00
Jeudi 08:45 - 11:45
13:00 - 17:00
Vendredi 08:45 - 11:45
13:00 - 17:00

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque CMCM publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter La Pratique

Envoyer un message à CMCM:

Partager