28/12/2023
Eise Kierper ass e Wonnerwierk an deem alles mateneen verbonnen ass.
Esou huet och d’Kiefergelenk eng direkt Verbindung iwwer Wirbelsail zum Becken.
Verspanungen am Kiefergelenk hunn duerfir oft net nëmmen Auswierkungen op d’ Nuque an d’Schëlleren mee och op de ganzen Kierper (och wann mir bei Réckwéi; Becken oder Knéiproblemer selten un de Kiefer denken 😉).
Nieft de kierperleche Problemer sëtzen am Kiefer awer och emotional Belaaschtungen wéi Stress, Traumaen, Ängschten a Roserei fest, un deenen d’Séil schons säit längerem ze ,knabberen‘ huet.
Eng R.E.S.E.T Kieferbalance ass eng douce, energeetesch Behandlung déi aus 2 Séancen (R.E.S.E.T 1), am Ofstand vun enger Woch, besteet.
Schons no der éischter Séance fillt däin Kiefergelenk sech méi entspaant a fräi un 😀
Duerno ass et oft sënnvoll nach e puer, op dech ugepassten, Kuerzséancen (R.E.S.E.T 2) anzeplangen fir dass de Kierper déi energeetesch Wierkung och laangfristeg integréieren kann.
R.E.S.E.T 1…..165€
(fir zwou séancen vun 60-70min
am Ofstand vun enger Woch)
*************
R.E.S.E.T 2……55€ (30-40min)
oder
R.E.S.E.T 2 -Package….210€
(4 séancen)
Fir weider Infoen kanns du mir gär schreiwen:
📲 621 16 53 49 🪷 Pascale
Bachblütenberaterin / Reiki / Kieferbalance