Yogatime Schwebach - Yoga, Reflexologie, Holistesch Selfcare

Yogatime Schwebach - Yoga, Reflexologie, Holistesch Selfcare 🌿Fraîcheur naturelle. Énergie consciente. Toi, en équilibre.
🌿Holistesch Selfcare fir méi Rou, Frëschheet a Kloerheet am Alldag.

Ech sinn d’Christine,

Grënnerin vu Yogatime, säit 2010 zertifizéiert a passionéiert Yogaléierin a Reflexologin (300 Stonnen). Yoga hëlleft dir, dech méi ausgeglach ze fillen, d’Flexibilitéit vum Kierper a vum Geescht ze trainéieren an däin allgemengt Wuelbefannen ze stäerken. Et ass eng Praxis, déi dech nees mat dir selwer verbënnt an dech an deng Mëtt bréngt, do wou Rou a Kloerheet entstinn. A menge Coursë geet et ëm méi wéi nëmmen Bewegung. Eng positiv Intention, eng Inspiratioun aus der Yoga-Philosophie, eng bewosst Otempaus oder eng kuerz Meditatioun : alles fir dech bei deng bannenzeg Kraaft zreck ze brengen. Ech begleeden Mënschen déi sech méi liicht, méi vital a méi zouversiichtlech fillen wëllen. Mäi Häerz schléit besonnesch dofir Fraen ze stäerken, hinnen ze weisen, wéi vill Kraaft, Léift a Balance schonn an hinne läit. Mee jiddereen deen op e bewosst a gesond Liewen hi schafft, ass häerzlech wëllkomm. Nieft Yoga a Reflexologie schaffe ech och mat rengen pflanzlechen Pfleeg- a Vitalstoffprodukter, déi de Kierper vu banne stäerken an déi natierlech Energie ënnerstëtzen. Fir mech geet et dobäi net ëm Perfektioun, mee ëm Bewosstsinn, Authentizitéit a Selbstversuergung : Schrëtt fir Schrëtt zu engem méi bewosste Liewen. Wann s du no der Yogastonn entspaant, gestäerkt a mat engem liichte Häerz zréck an den Alldag gees, da weess ech datt mäin Zil erreecht ass. Och Ufänger sinn ëmmer häerzlech wëllkomm. Mäi Yoga Diplom, ausgestallt vun den internationale Sivananda Yoga Vedanta Zentren, ass Yoga Alliance accréditéiert a weltwäit unerkannt. Nieft dem Yoga bidden ech och Reflexzonemassage u Féiss, Hänn oder am Gesicht, souwéi Klangmassagen an aner wohltuend Behandlungen un – bequem online ze buchen iwwer www.salonkee.lu. Wann s du gären um Neitste Stand bleiwe wëlls, da hannerlooss däin Numm a deng E-Mail op www.yogatime.lu (ganz ënnen beim „Newsletter“).

🕊️ Namasté,
Christine Thill
yogatime.christine@gmail.com
+352 621153026

08/12/2025
11/11/2025
🌟 Du hues d’Gefill do ass nach méi am Liewen?Du dreems vu méi Fräiheet, Zäit an engem Liewen wou s du deng eegen Entsche...
09/11/2025

🌟 Du hues d’Gefill do ass nach méi am Liewen?
Du dreems vu méi Fräiheet, Zäit an engem Liewen wou s du deng eegen Entscheedungen hëls?
Loss dech inspiréieren vun Leit, déi de Schrëtt gemaach hunn a looss deng eege Visioun wuessen ✨ Mell dech bei mir un 🌿

🌟 Tu sens qu’il y a encore plus dans la vie ?
Tu rêves de liberté, de temps, et d’une vie où tu décides pour toi ?
Découvre des parcours de personnes qui ont osé, et laisse grandir ta propre vision ✨ Inscris-toi chez moi 🌿

Adresse

17, Haaptstrooss
Schwebach
8561

Heures d'ouverture

Lundi 18:30 - 19:45
Mercredi 18:30 - 19:45
Jeudi 09:15 - 10:30
19:30 - 20:45

Téléphone

+352621153026

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Yogatime Schwebach - Yoga, Reflexologie, Holistesch Selfcare publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter La Pratique

Envoyer un message Ă  Yogatime Schwebach - Yoga, Reflexologie, Holistesch Selfcare:

Partager

Share on Facebook Share on Twitter Share on LinkedIn
Share on Pinterest Share on Reddit Share via Email
Share on WhatsApp Share on Instagram Share on Telegram

Christine Thill - yogatime

Mens sana in corpore sano.

D’Natur vum Mënsch ass Geescht a Kierper zugläich. Dëst Zesummespill huet mech nach emmer faszinéiert.

D’Praxis vum Yoga ass méi wéi e reng kierperlechen Exercice. Yoga geet méi déif an huet bei reegelméissegem praktizéieren en Impakt op eise Nervesystem an op eist Wuelbefannen. Et ass virun allem eng ganz perséinlech Experienz...

Säit mengem alleréischte Cours sinn ech vum positiven Afloss vum Yoga iwwerzeecht. Ech war sou begeeschtert datt ech meng Praxis a mäin Wësse verdéiwe wollt an hunn eng Ausbildung zur Yogaléierin gemach.