04/06/2023
!Triggerwarnung sexuellen Messbrauch! Merci fir dem Kara sain Temoignage an Merci un LetzBeAware fir dei Plattform💚
𝐓𝐫𝐢𝐠𝐠𝐞𝐫𝐰𝐚𝐫𝐧𝐮𝐧𝐠: 𝐒𝐞𝐱𝐮𝐞𝐥𝐥𝐞 𝐌ë𝐬𝐬𝐛𝐫𝐚𝐮𝐜𝐡
𝐊𝐚𝐧𝐧𝐬 𝐝𝐮 𝐞𝐢𝐬 𝐝𝐞𝐧𝐠 𝐆𝐞𝐬𝐜𝐡𝐢𝐜𝐡𝐭 𝐚𝐧 𝐝ä𝐢 𝐋𝐞𝐢𝐝𝐞𝐧𝐬𝐰𝐞𝐞 𝐤𝐮𝐞𝐫𝐳 𝐛𝐞𝐬𝐜𝐡𝐫𝐞𝐢𝐰𝐞𝐧?
Moien, ech sinn d’Kara, an ech géif endlech gär meng Geschicht lassginn an och verëffentlechen.
Am Alter vun 9 Joer sinn ech vun Däitschland op Lëtzebuerg geplënnert. Mat menger Mamm hat ech ni vill Kontakt, an ech si mat op Lëtzebuerg geplënnert well ech meng Boom net méi aushale konnt. Datt meng Bom net léif mat mir war wier eng Ënnerdreiwung: et gouf vill kierperlech a psychesch Gewalt.
Wou ech 9 Joer al war huet meng Mamm hir „Familljentraditioun“ un mech wieder ginn, d.h. kierperlech Gewalt, attouchements sexuels vun hir an och ëmmer ewech ze kucke bei deenen aneren déi meng basesch Mënscherechter a Grenzen iwwerschratt hunn.
Déi aner ware mäi Stéifpapp, säi Brudder, menger Mamm hire Stéifbrudder an zu gudder läscht eisen Noper dee mech am Alter vun 9 bis bal 16 Joer mëssbraucht huet. Als Resultat hat ech och eng Fausse-Couche wéinst deem "...".
Och als Mini-Butz vu knapp 2 Joer gouf et schonn esou Zwëschefäll, deene sinn ech mer awer eréicht a menger Therapie erëm bewosst ginn.
Ech si mir virkomm wéi eng Päif an der Schoul wéinst menge schlechte Punkten, ech war mer egal a wollt nëmme stierwen. Drogen an Alkohol ware scho mat 12 Joer ganz normal, ech war mega auto-aggressiv an och net grad zimperlech ëmgaang mat anere Mënschen… Ech si mat 16 eleng wunne gaangen, krut mat 17 an 18 jeeweils een Kand.
𝐖é𝐢 𝐡𝐮 𝐬𝐞𝐜𝐡 𝐝ë𝐬 𝐓𝐫𝐚𝐮𝐦𝐚𝐭𝐚 𝐨𝐩 𝐝𝐞𝐧𝐠 𝐙𝐮𝐤𝐮𝐧𝐟𝐭 𝐚𝐮𝐬𝐠𝐞𝐰𝐢𝐞𝐫𝐤𝐭?
Mat 19 hunn ech gemierkt dass meng Traumata eropkommen - mäin deemolegen Partner wollt mech net bei een Psy goe loossen an de Misär huet dann eréicht richteg ugefaangen. Ech krut meng Kanner ewechgeholl wéinst gewalttätegem Frënd, sinn an d'Droge gefall an souz ee Joer op der Strooss.
𝐖𝐚𝐭 𝐰𝐚𝐫 𝐝𝐞𝐧𝐠 𝐄𝐫𝐟𝐚𝐫𝐮𝐧𝐠 𝐰𝐨𝐮𝐬 𝐝𝐮 𝐝𝐢𝐫 𝐇ë𝐥𝐥𝐞𝐟 𝐠𝐞𝐬𝐢𝐜𝐡𝐭 𝐡𝐮𝐞𝐬, 𝐚 𝐰é𝐢 𝐡𝐮𝐞𝐭 𝐝𝐞𝐧𝐠 𝐕𝐞𝐫𝐠𝐚𝐚𝐧𝐠𝐞𝐧𝐡𝐞𝐞𝐭 𝐝𝐞𝐜𝐡 𝐛𝐞𝐚𝐟𝐥𝐨𝐬𝐬𝐭 𝐨𝐩 𝐝𝐞𝐧𝐠𝐞𝐦 𝐋𝐞𝐢𝐝𝐞𝐧𝐬𝐰𝐞𝐞?
Hu mir Hëllef gesicht, a grad do wou ech mech hätt misse sécher spieren, sinn ech vu mengem Educateur de Référence am Auto vergewaltegt ginn, nodeems ech en arrêt cardiaque hat a mech net emol wiere konnt.
Dono war ech 3 Méint an der Psychiatrie, dann 9 Méint Therapie. Permanent Rechutten, iwwer 11 Entzich an iwwer 28 Suizidversich…
Als Kand hunn ech ëmmer geduecht ech sinn net an der Rei, ech sinn ongewollt an ech si wäertlos - des Gefiller zéien sech och haut nach oft duerch mäi Kapp, mäi Verhalen an mäi Liewen.
Ech war vill mat Flashback, Panikattacken, Dissociatioun an Triggeren geplot an se wollten mech an eng fix geschlosse Psychiatrie “stiechen” well se an der Therapie net eens gi si mat mir.
𝐃𝐮 𝐡𝐮𝐞𝐬 𝐭𝐫𝐨𝐭𝐳𝐝𝐞𝐦 𝐧𝐞𝐭 𝐨𝐩𝐠𝐢𝐧𝐧! 𝐖𝐚𝐭 𝐰𝐚𝐫𝐞𝐧 𝐝'𝐑𝐞𝐬𝐮𝐥𝐭𝐚𝐭𝐞𝐫 𝐝𝐨𝐯𝐮𝐧, 𝐛é𝐢𝐝 𝐠𝐮𝐭𝐭 𝐚 𝐬𝐜𝐡𝐥𝐞𝐜𝐡𝐭?
No 5 stationären Therapien an 12 Joer ambulanter Therapie konnt ech erreechen, dass ech mäi Kierper akzeptéiere kann an mech och selwer upake kann, wie bspw. beim Wäschen. Mäi Sexualliewen ass gepräägt vu Mësstrauen, Gewalt an Eekel. Dat huet och aner Saachen mat sech bruecht…
Meng Diagnosen: Eng borderline Perséinlechkeetsstéierung, Anorexie Nervosa, komplex PTBS, Polytoxikomanie, recidivéierend Depressiounen, dissoziativ Stéierung… Ech hunn haut nach Probleemer mam Vertrauen, mat Sexualitéit an Iessverhalen.
𝐖é𝐢 𝐠𝐞𝐞𝐬 𝐝𝐮 𝐡𝐚𝐮𝐭 𝐝𝐨𝐦𝐚𝐭 ë𝐦?
Ech muss mech oft äerden an achtsam mat mir sinn, soss geet den Däiwelskrees ganz schnell nees vun fir un wat Sucht, Iessen an negativ Gedankespirale betrëfft.
Haut weess ech dass ech ee Kand war a mech keng Schold trëfft, mä dass di krank sinn, déi dat gemaach hunn!
Dat ass keng Excuse fir d'Täter, mä meng Asiicht fir Fridden domadder ze schléissen. Ech wosst als Kand dass do eppes schif leeft, ech wosst awer net wat. Haut weess ech dass ech mer an menge Gefiller vertraue kann an awer ass et mega schwéier.
𝐖𝐚𝐭 𝐰é𝐢𝐥𝐬 𝐝𝐮, 𝐝𝐚𝐭𝐭 𝐚𝐧𝐞𝐫 𝐋𝐞𝐢𝐭 𝐚𝐧 𝐝𝐞𝐧𝐠𝐞𝐫 𝐨𝐝𝐞𝐫 𝐞𝐧𝐠𝐞𝐫 ä𝐡𝐧𝐥𝐞𝐜𝐡𝐞𝐫 𝐒𝐢𝐭𝐮𝐚𝐭𝐢𝐨𝐮𝐧 𝐰é𝐢𝐬𝐬𝐭𝐞𝐧?
Wat ech wichteg fannen fir mat op den Wee ze ginn ass, datt ee sech soll wieren: zB wann et eng adhoc Vergewaltegung ass jäizen, schloen an falls méiglech fortlafen. Och onbedéngt Beweiser halen, net dusche mee direkt an d’Spidol fir Spueren ze sécheren an Attest vum Dokter an natierlech de Courage hunn, eng Plainte bei der Police ze maachen.
Wann et een Mëssbrauch ass iwwert méi laang Zäit, dann och do Hëllef sichen ob et mat enger vertrauter Persoun (muss net Famill sinn- dat sinn oft d'Täter) ass oder Police oder aner Associatiounen déi an deene Fäll hëllefen.
Jugendlecher kënnen och an der Schoul Hëllef kréien. Personal vun Crèchen an MR, etc. missten besser geschoult sinn fir och sou Verhaalensopfällegkeeten ze bemierken an ze signaliséieren!
Ganz wichteg ass: ET ASS NET DENG SCHOLD!!!! Et ass een haarde Wee gehéiert ze ginn an et kënnt ee sech och fir wei den läschen Dreck wann een et offiziell mécht. Grad well et een Tabuthema ass, muss ee gehéiert ginn!!!
Et gehéiert awer zum verschaffen dobäi et ëffentlech ze maachen a sech ze wieren. D’schummt ee sech mega, mee dat ass iwwerflësseg. Wa méi Affer géife schwätzen, da géif mol erauskommen weivill Leit, egal op Mann oder Fra, Meedchen, Bouf oder leider och Puppelcher vun dem Misär betraff sinn.
Nëmmen esou kënne mir eis zesummendoen an eis Geheier verschafen, et kéint ee sech géigesäiteg stäerken an ënnerteneen hëllefen.
Wat mer awer och um Häerz läit ass, dass wann der esou eppes matkritt oder een Doute hutt, dann net d'Aen zou maachen a wechkucken- dat war ganz oft bei mer de Fall an dat ass nach schlëmmer wie net gehollef ze kréien!
𝐌𝐞𝐫𝐜𝐢 𝐮𝐧 𝐚𝐥𝐥 𝐝é𝐢, 𝐝é𝐢 𝐬𝐞𝐜𝐡 𝐝'𝐙ä𝐢𝐭 𝐠𝐞𝐡𝐨𝐥𝐥 𝐡𝐮 𝐦𝐞𝐧𝐠 𝐆𝐞𝐬𝐜𝐡𝐢𝐜𝐡𝐭 𝐳𝐞 𝐥𝐢𝐞𝐬𝐞𝐧.
P.s.: Sollts du betraff sinn, schreif weg d’Letzbeaware Säit un.